Studentevertrieder am Gespréich mat der Fraktioun

D’Vertrieder vun der Studentenassociatioun ACEL begréissen d’Pensiounsdebatt mat virop dem partizipativen Usaz vun der Sozialministesch Martine Deprez. Dat war ee vun de Constate bei der Entrevue mam Fraktiounspräsident Marc Spautz an den Deputéierte Françoise Kemp, Alex Donnersbach, Ricardo Marques a Jeff Boonen. Den anere war, dass d‘Unerkennung vun de Studentejoren fir d’Pensioun soll bäibehale ginn.

An engem liewegen Austausch gouf de Studenten de Bols gefillt. Et ass een iwwereneenkomm, sech nach eng Kéier ze gesinn, wa beed Säiten hir Positioune festgeluecht hunn – e Prozess, den am Abléck nach leeft.