D’Gesetzesprojeten zu den Ouvertureszäiten an der Sonndesaarbecht stoungen am Mëttelpunkt vun der Entrevue mat Vertrieder vum Handelsverband. Marc Spautz, Diane Adehm, Laurent Mosar, Octavie Modert, Charel Weiler, Nathalie Morgenthaler, Jeff Boonen, Françoise Kemp, Alex Donnersbach a Maurice Bauer hunn deelgeholl.
D’Vertrieder vun der Luxembourg Confederation hu betount, dass den Handel déi nei Ouvertureszäite begréisst, ennert anerem well sie eng Simplification administrative duerstellen aplatz vun enorm villen Dérogatiounen. Domat geng och fir Gerechtegkeet gesuergt ginn, well um Ursprung jo ee Geriichtsurteel geng stoen. De Commerce misst sech de Clienten upassen an dohunn sech d’Gewunnechten geännert.
D’Ausso, datt fir d’Geschäftswelt ze beliewen, och d’Gemengen a Stied un hirer Attraktivitéit schaffe missten a mam Commerce Hand a Hand schaffen, ass op Zoustëmmung getraff. D’Entwécklung geng dohi goen, datt akafen ëmmer méi mat engem Event misst verbonne ginn, sou d‘Confederation.