D’Gesetz iwwer d’agents municipaux ass 2023 a Kraaft getrueden. Dat war e Sujet, de bei enger Entrevue tëscht Marc Spautz, Marc Lies, Nathalie Morgenthaler, Emile Eicher a Maurice Bauer mat de Vertrieder vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal ugeschwaat gouf. Défië, déi nach bestinn, sinn d‘Rekrutéieren, d’Formatioun an d’Karrieren. Sou könne d’Pecherten, wéi se am Volleksmond heeschen, net an eng méi héich Gehaltsklass klammen, ouni de Beruff musse ze wiesselen. Allgemeng kéinnt een sech eng Erweiderung vun de Kompetenzen virstellen, fir d’Police méi ze entlaaschten a méi an d’Präventioun agebonne ze gin.
E weidere Sujet war de Gehälterakkord an der Fonction publique. D’Regel, dass den eréischt um Gemengeniveau ëmgesat gëtt, wann dat vollstänneg bei de Staatsbeamte de Fall ass, misst ofgeschaft ginn, fuerdert d’FGFC. Generell geng et ëmmer méi komplizéiert ginn, vum Staat bei eng Gemeng ze wiesselen. „Mir brauchen eng Harmoniséierung vun de Statutë“, sot och de Marc Lies. Dat betrëfft virun allem d’Arbechtskonditiounen, d’Remuneratioun, d’Formatioun a Standardë vun der Secherheet a Gesondheet op der Arbechtsplaz.
Et gouf festgehale, no de Sozialwahle am öffentleche Dengscht am Gespréich ze bleiwen.