Wéi eng direkt an indirekt Schied gi bei Wollefsattack indemniséiert ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsministesch an un den Här Ëmweltminister weiderzeleeden.
Viru Kuerzem sinn am Raum Dol zwee doudeg Schof op enger Weed fonnt ginn. Et besteet de Verdacht, datt d‘Déiere vun engem Wollef gerass goufen. Dofir si Prouwe vun de Bësswonne fir eng geneetesch Analys an e Speziallabo an Däitschland geschéckt ginn.  Den Aktiouns- a Managementsplang fir den Ëmgang mat Wëllef aus dem Joer 2017 gesäit vir, datt den direkte Schued zu 100 Prozent indemniséiert gëtt, wa kloer kann nogewise ginn, datt en op eng Attack vum Wollef zréckzeféieren ass. Laut dem Plang kënnen och indirekt Schied duerch de Wollef entschiedegt ginn, allerdéngs muss an dem Fall de Geschiedegte selwer beweisen, datt et sech ëm eng Wollefsattack handelt. Am aktuelle Fall sinn duerch d‘Panik vun de Schof schwéier Schied an der Wiss entstanen. An dem Zesummenhang wollte mir follgend Froen un d’Madamm Landwirtschaftsministesch an un den Här Ëmweltminister stellen.
Wat fir direkt Schied gi bei enger Wollefsattack genee kompenséiert?
Wat fir indirekt Schied duerch de Wollef ginn indemniséiert an zu wat fir engem Taux?
Gëtt Evaluatioun vun den indirekte Schied large gehandhaabt, well et direkt Konsequenze vun enger Wollefsattack sinn?
Wéi vill Schuedensfäll sinn iwwert de Wee vum Wollefsmanagmentplang vun 2017 bis elo indemniséiert ginn, a wat fir e Montant ass insgesamt ausbezuelt ginn?
Plangt d’Regierung, de Wollefsmanagmentplang vun 2017 ze aktualiséieren?
Leien d’Resultater vun der Genanalys scho vir?
Wa jo, wat koum bei der Untersuchung eraus, sinn déi zwee Schof vun engem Wollef gerass ginn?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Jeff Boonen Octavie Modert
Deputéierten Deputéiert

Zréck