Liewensmëttelkontrollen op de Chrëschtmäert ?

D’Äntwer op dës parlamentaresch Fro fannt Dir hei:

QP_57403_1737452708894

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschafts- a Konsumenteschutzministesch weiderzeleeden.

Am Dezember ginn uechtert d’Land vill Chrëschtmäert organiséiert, wou och Iessen a Gedrénks zerwéiert gëtt. An dem Zesummenhang wollt ech follgend Froen un d’Madamm Landwirtschafts- a Konsumenteschutzministesch stellen.

  • Wéi vill Liewensmëttelkontrollen huet d’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire (ALVA) am ganzen op de Chrëschtmäert duerchgefouert ?
    • A wéi vill Fäll koum et zu Onreegelméissegkeeten?
    • Wéi vill Verstéiss géint d’Liewensmëttelgesetzgebung hate juristesche Suiten?
  • Huet och d‘Direction de la protection des consommateurs op de Chrëschtmäert Kontrolle gemaach ?
    • Wa jo, wou a wéi vill?
    • Wat ass an der Haaptsaach kontrolléiert ginn?
    • Wat vir Verstéiss si registréiert ginn an a wéi vill Fäll koum et zu juristesche Suiten?
  • Souwuel op Chrëschtmäert wéi a a Caféen a Restaurante gëtt gären eise Lëtzebuerger Crémant affichéiert. Obwuel Crémant op der Kaart steet, gëtt awer net ëmmer e Miseler Crémant zerwéiert. Goufe bäi de Kontrollen, déi d‘Direction de la protection des consommateurs gemaach huet, Onreegelméissegkeeten heizou festgestallt ?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Stéphanie Weydert

Deputéiert

 

Zréck