Budget 2025 – Ried vum Marc Spautz

Ried vum Marc Spautz zum Budget 2025

 

Här President,

Ech hunn d’Ried net mat ChatGPT, mee mat enger eelerer Art a Weis geschriwwen.

Meng Zuelen sinn déi vum 3. Trimester, esou wéi mir se presentéiert kruten.

Ech wollt der Budgetserapportrice Merci soen, datt si de Sujet vun der kënschtlecher Intelligenz (KI) opgegraff huet.

An ech well si felicitéieren fir eng ganz grëndlech Analyse an och d’Ausschaffe vun enger ganzer Rei Recommandatiounen (103).

Dowéinst ass d’Politik gefuerdert, fir am Sënn vun de Bierger ze handelen.

An deem Punkt si mir eis mat der Rapportrice eens, de Mënsch muss am Mëttelpunkt stoen an och am Mëttelpunkt bleiwen.

Dës Regierung ass ugetrueden, fir d’Digitaliséierung, och beim Staat, resolut virun ze dreiwen. An daat ass och gutt esou.

Dëst maache mir iwwert de Once Only, an iwwert déi Hellewull vu Proposen, fir d’Prozeduren ze vereinfachen, beim Bau, awer net nëmmen do an och doriwwer eraus.

D’KI spillt do eng Schlësselroll Punkto Chatbots an och Email Bots. Dëst erlaabt et, séier an efficace op Froen anzegoen.

D’Méiglechkeet muss awer weider erhale bleiwen, mat enger Persoun, engem Beamten, ze schwätzen.

De Staat dierf sech net hannert der Maschinn verstoppen, mee muss weider accessibel fir de Bierger bleiwen.

 

Här President,

D’KI wäert ee groussen Impakt op den Aarbechtsmaart hunn, an eis ass et wichteg, dass keen op der Streck bleift.

Dowéinst spillt d’Weiderbildung eng zentral Roll a muss weider gefërdert ginn.

Mir mussen d’Leit op d’KI schoulen an och ëmschoule, falls si a Sparte schaffen, déi deemnächst kéinte vun der KI iwwerholl ginn.

Mee och do wëlle mir warnen, dass de Mënsch nach ëmmer, duerch säi gesonde Mënscheverstand, wäert d’Iwwerhand iwwert eng KI behalen, déi net fäeg ass, ee bon sens eegestänneg ze entwéckelen.

Dëse bon sens soll all Mënsch och matbréngen, wann en d’KI benotz. Sief et privat, oder am Beruffsliewen.

Fir et e besse flappseg ze soen, bei aller kenschtlecher Intelligenz muss een nach emmer säi mënschlecht Gehier aschalten.

 

Här President,

D’KI ass och an eise Schoulen ukomm, a wäert ni fortgoen, egal wat mir mengen ze verbidden.

Dofir plädéiere mir fir een oppenen Ëmgang mat der KI an der Educatioun, mat gutt geschoultem Léierpersonal.

Esou brénge mir et fäerdeg, eise Kanner dee richtegen Ëmgang mat der KI bäizebréngen.

Wéi si d’KI notze, fir hiert Wëssen ze erweideren, amplaz der Maschinn blann ze vertrauen.

Här President,

D’Rapportrice ass op deen enorme Potenzial vun der KI am Gesondheetswiesen agaang. Um Anniversaire vun der Fondation Cancer ass gewise ginn, wat d’KI ka leeschten.

Och mir erkennen dëst Potenzial a sinn der Meenung, de Staat soll sech déi néideg Moyene ginn, d’KI an der Medezin ze verbreeden, dëst besonnesch an der Preventioun an am Diagnostik.

D’KI hëlleft bei der Cybersécherheet, a mir sollen alles dru setzen, fir d’Donnéeën an d’Demarche vun eise Leit, eisem Staat, an eise Betriber ze schützen.

Lëtzebuerg huet d’Potenzial, zum Hub fir Cybersécherheet a fir KI ze ginn.

D’Infrastrukture sinn do, d’Kompetenze si ginn an och eng Rei Betriber hunn hire Wee op Lëtzebuerg fonnt.

Dës Pisten huet meng Kolleegin Diane Adehm an hirem Rapport zum leschte Budget virginn, an e freet mech, dass d’Rapportrice vun dësem Budget eng ganz Rei vun deenen Themen opgräift.

Dat beweist, dass dës Majoritéit op enger Wellelängt ass, wann et em d’Zukunft vun eisem Land geet.

D’Regierung schafft mat Nodrock um Ausbau vun dëse Kompetenznichen fir eist Land, fir et Punkto Zukunftstechnologien optimal ze positionéieren.

A genee déi Politik ënnerstëtze mir als CSV Fraktioun. Asaz fir d’Zukunft vun eisem Land, mam Mënsch am Mëttelpunkt.

 

1. Entwécklung vun den Staatsfinanzen

Ech soen de verschiddenen Institutioune Merci fir d’Avisen zu dësem Budget.

En schwieregt wirtschaftlecht Ëmfeld

2023 huet d’Weltwirschaft méi lues gedréint, a virun allem Europa huet ënner der Energiekriis (als Suite vum Ukrainekrich) gelidden.

Op den éischten sechs Méint 2024 ass et ërem e bëssen besser gelaaf.

Daat 3. Trimester 2024 war d’Aktivitéit an der Euro-zone méi héich wéi virausgesoot.

Mais an der EU gin et grouss Ënnerscheeder, zum Beispill:

  • Déi spuenesch Economie entwéckelt sech ganz dynamesch;
  • WährenddéidaitschWirtschaft,andovirunallemd’Industrie, nach ëmmer Problemer huet. Ech denken do virun allem un

    d’Sidérurgie an d’Automobilindustrie.

Daat internationalt Emfeld gesait, Stand haut, net ganz roseg aus.

  • DoassengerseitsdeKriichanderUkraineandeKonfliktam Noen Osten wou, a béiden Fäll, keen Enn ofzegsinn ass.
  • AnerersaitsassdéipoliteschLaaganeisenNopeschlänner, notamment an Frankraich an Daitschland, also zwee grouss Handelspartner vu Lëtzebuerg, alles anescht wéi stabil (Belge).
  • Zulescht gesin mer international ëmmer méi protektionnistesch Tendenzen, waat enger klenger oppener Economie wéi Lëtzebuerg net gutt kann doen.

 

Mais et ass grad den internationalen Kontext deen natiirlech en Impakt op Lëtzebuerg huet.

Ech well drun erënneren dass mer 2023 eng Rezessioun haaten wou d’Wirtschaft em 1,1% geschrumpft ass.

Fir 2024 tabléiert de STATEC op eng Erhuelung mat enger Croissance vun 1,5%.

An fir 2025 geet een vun engem Wuesstum vum 2,7% aus.

Déi Zuelen klengen gutt, mais ech well awer eppes ënnerstraichen: d’Croissance lait ënner der langfristeger Moyenne vun 3%.

Méi lues Croissance heescht och eng manner héich Création d’emplois.

Just e puer Zuelen dozou:

  • 2023: +2,2%.
  • 2024: +0,9%.
  • 2025: +1,5%.

    Och hei leien mer e gudden Krack ënner der langfristeger Moyenne vun 3,1%.

    Virun allem de Bausecteur, deen an der Kriis ass, bleift e Suergenkand. Dëst wéinst den Aarbechtsplaazen déi um Spill stinn, an awer och wéinst der Logementsproblematik déi durch d’Baukriis leider net méi kleng wäert ginn.

    No enger starker Hausse tëscht 2023 an 2024, soll de Chômagetaux sech 2025 op 6% stabiliséiren

 

D’Praisdeirecht schéint no e puer Joer vun héijer Inflatioun, bedingt durch d’Energiekriis, maîtriséiert. Déi liicht Augmentatioun 2025 ass op Verännerungen bei den Praisdeckelen zréckzeféiren. Ech kommen méi spéit nach dorobber zréck.

Grousst Bild vun den Staatsfinanzen: am groussen Ganzen eng positiv Entwécklung

Ech konzentréiren mech hei op Betrachtungsweis vun der EU, den sougenannten SEC. Daat gëtt engem eng méi breed an komplett Vue wéi déi national Betrachtungsweis.

Ech well an Erennerung ruffen dass d’ „Administration publique“ de Staat au sens large duerstellt. Sie begréift d’ „Administration centrale“ (also den Zentralstaat), d’ „Administrations locales“ (gemengt sin hei eis Gemengen) an d’Sécurité sociale.

Ech wollt op dëser Plaaz just déi Haapttendenzen kommentéiren. Engersaits fir mech nët an engem Zuelendschungel ze verléiren. An anerersaits fir Iech net mat engem Zuelen-tsunami ze langweilen.

Administration publique

Bei der Administration publique klëmmt den Defizit liicht vun 464 Milliounen Euro 2024 op 563 Milliounen Euro 2025. Woubei 2026 ërem mat enger Verbesserung vum Solde gerechent gëtt.

Eleng d’Evolutioun bei der Administration publique ze kucken ass awer just en Deel vun der Réalitéit, well sie verschleiert oft verschidden gelaagert Tendenzen op den 3 Elementer aus denen sie besteet.

Esou erklärt d’Baisse vum Iwerschoss bei der Sécurité sociale, deen méi héijen Defizit um globalen Niveau, d. h. bei der Administration publique.

Elo awer zu den dräi benannten Komponenten.

 

Administration centrale

Bei der Administration centrale, also dem Zentralstaat, wäert d’Situatioun sech liicht verbesseren.

Fir 2025 tabléiert de Finanzministère op Recetten vun 29.570 Milliounen Euro. Dem géintiwer stin Dépensen vun 30.858 Milliounen Euro.

D’Recetten klammen mat +5,2% méi séier wéi d’Dépensen, déi hiirersaits ëm 4,5% steigen.

Doraus ergëtt sech 2025 en positiven Schéiereneffekt well d’Progressioun vun den Recetten eben méi héich ass wéi d’Progressioun vun den Dépensen.

Logescherweis geet dodurch den Defizit erof vun 1,4 Milliarden 2024 op 1,3 Milliarden Euro 2025.

Doraus ergëtt sech eng Verbesserung vum Solde an der Gréissenuerdnung vun 133 Milliounen Euro.

En plus wier dann den Defizit am Joer 2025 500 Milliounen Euro méi niddreg wéi nach am Mäerz dëst Joer virausgesoot gouf.

Administrations locales (Gemengen)

Bei den Administrations locales, also de Gemengen, gëtt och mat enger klenger Verbesserung gerechent. Hei soll den Iwerschoss vun 20 op 68 Milliounen Euro eropgoen tëscht 2024 an 2025.

Vu dass den Impakt vun den Administrations locales op d’Administration publique relativ gering ass, well d’Gemengen finanztechnesch an engem enken Carcan évoluéiren, gin ech hei nët weider dorobber an.

Sécurité sociale

Bei der Sécurité sociale gëtt et traditionnell en Iwerschoss.

Traditionnell sin hei d’Recetten (déi virun allem aus Cotisations sociales bestinn) méi héich wéi d’Ausgaben. Ausgaben déi sech aus deenen verschiddenen Prestatiounen an de Fonctionnementskäschten zesummensetzen.

Eppes fällt awer op: den Iwwerschoss geet iwwer d’Zait zolidd zréck.

  • 2023: +1.173 Milliounen Euro.
  • 2024: +937 Milliounen Euro.
  • 2025: +657 Milliounen Euro.

 

Daat ass an nëmmen dräi Joer e Réckgang vun 516 Milliounen Euro. Oder, an Prozenter ausgedréckt: -44%.

De Problem ass, dass dës Tendenz sech wäert fortsetzen. Esou gëtt 2028 mat engem Defizit gerechent, well d’Dépensen dann méi héich wäerten sin wéi d’Einnahmen.

Hannert dësen „plaakegen“ Zuelen verstoppt sech awer en strukturellen Changement an eng haard Réalitéit.

Eng Création d’emplois déi méi niddreg ass wéi déi historesch Moyenne, an eng Populatioun déi ëmmer méi aal gët.

Mat der Folleg dass d’Zuel vun den beurfflech Aktiven manner dynamesch klëmmt während d’Zuel vun Pensionnéierten stark an d’Luut geet. Woubei déi leschtgenannten Grupp eng Populatioun ass, déi altersbedingt, och méi medezinesch Déngschter a Soin’en an Usproch hëlt.

Waat wëll ech heimatt soen? Ech wëll kloermachen dass den finanziellen Drock op eis Sécurité sociale, e Pilier vun eisem lëtzebuerger Sozialmodell, vun Joer zu Joer zouhëlt.

An dës Tendenz mëcht sech breet ob mer daat wëllen oder net!

Kann een, an esou enger Situatioun d’Hänn an de Schouss léen? Ech mengen net.

Dette publique

Waat d’Staatsschold ugeet, esou stabiliséiert déi sech bei 27,5% par rapport zum PIB.

A sie stabiliséiert sech trotz héijen Investitiounen an trotz dem Entlaaschtungspak deen d’Kafkraaft vun de Bierger stäerkt.

En plus gëtt domatt gerechent dass d’Dette bis d’Joer 2028 op 26% vum PIB erofgeet.

Ech gin also dem Finanzminister Recht wann heen an senger Budgetsried seet „och bei der Staatsschold stëmmt de Kurs“.

Ech wollt awer meng finanztechnesch Partie ofschléissen mat enger Partie kriteschen Reflektiounen.

1. wann d’Steierrecetten stark geklomm sin, huet daat zum Deel mat Fakteuren ze doen déi kéinten, wéi d’Franzousen soen, „non récurrents“ sin. Ech gin zwee Beispiller:

  • D’AndreiwenvunSteierscholdenausvergangenenExercicen bei Betrieber;
  • Exceptionnel héich Bénéficer bei verschidden Betrieber, déi riskéiren sech net ze widderhuelen.

    Daat soll een am Kapp behaalen, obschon ech mer sécher sinn,

dass den Finanzminister daat um Radar huet.

2. an ech haat et schon ugedeit: den Iwwerschoss bei der Sécurité sociale geet strukturell zréck. Daat huet en negativen Impakt op d’Krankenkeess an de Pensiounsregime. Ech kommen méi spéit nach op de Sujet zréck.

3. sinn ech der Meenung dass et, bei der Gouvernance vun der Budgetspolitik, nach Loft no uewen gëtt. Esou huet den Staatsrot, an sengem Avis zum Staatsbudget, déi sougenannten „cavaliers budgétaires“ relevéiert.

An einfachen Wierder ausgedréckt: den voluminéisen Budgetsprojet gëtt benotzt fir verschidden Mesüren dranzepaken, déi een och an separat Projets de lois hätt können géissen.

Ech fannen et net gutt, datt z. B. d’Intégratioun vum „Service national de la sécurité dans la fonction publique“ an d’Inspection du Travail et des Mines (ITM).

Dat huet och de Staatsrot a sengem Avis ernimmt.

Meng Conclusiounen zu der Entwécklung vun den Finances publiques:

• Déi aktuell Laag vun den Staatsfinanzen ass gutt.
o Beim Zentralstaat hu mer en positiven

Schéiereneffekt.
o Den Defizit geet zréck.
o D’Dette publique stabiliséiert sech op 27,5% vum PIB. o D’finanziell Laag huet sech verbessert: Den Defizit ass

manner grouss wéi virdrun geschaat.
o An dëst trotz dem Entlaaschtungspak an Héicht vun

535 Milliounen Euro (wouvun 421 Milliounen Euro fir

d’Bierger sinn) an héijen Investitiounen.

  • Mir mussen eis awer an Zukunft nei opstellen, am Intérêt vun eisen Bierger an den Leit déi hei schaffen, z. B waat déi

    langfristeg Ofsecherung vum Pensiounsregime ugeet.

  • AbeiderGouvernancewaatdeStaatsbudgetugeet,gëttet

    och nach e gewësst Verbesserungspotential.

2. Wichtegkeet vum Budgetsgesetz

Et gëtt ëmmer gesoot de Budget wier daat wichtegst Gesetz vum Joer. An daat stëmmt.

Firwaat? Mais wëll et sech hei em d’Staatsfinanzen handelt, an all politesch Mesüren wou et en Finanzbedarf gëtt, iwwert de Staatsbudget finanzéiert ginn, fir de Bierger, fir d’Economie.

Et geet also haaptsächlech em Zuelen.

Awer waat bei den Budgetsdiskussiounen meeschtens vergiess gëtt: Hannert den Zuelen, hannert den Euro’en, stinn Leit!

Dofir warnen ech virdrun d’Staatsfinanzen aus enger renger Comptabel’s-Vue ze kucken.

Well mir machen Politik fir d’Leit!

An ech mengen, dass den Finanzminister sénger Budgetsried net fir näischt den Titel ginn huet „Kurs op muer. Ee muer fir jiddereen“.

An de roude Fuedem deen den Finanzminister a senger Budgetsried genannt huet kann ech nëmmen ënnerschreiwen. Ech zitéiren:

„Ee Budget als Ausdrock vun enger nohalteg-sozialer Finanzpolitik.

Mam Mënsch am Zentrum.

Dëse Budget ass een Invest an d’Leit. E stäerkt eis Kafkraaft. Mat Entlaaschtung fir Klengverdénger an déi breet Mëtt.

Dëse Budget stäerkt eise sozialen Zesummenhalt an eise soziale Fridden. Mat enger resolutter Bekämpfung vun der Aarmut.

Dëse Budget stäerkt eis Nohaltegkeet. Mat gezielten Invester an e Klimaschutz, deen d’Leit mathëlt.

Dëse Budget stäerkt de Standuert Lëtzebuerg.

Dëse Budget stäerkt eis Zukunftsfäegkeet. Mat vill Mobilitéit, gudde Schoulen, digitaler Innovatioun mat Kurs och a Richtung Kënschtlech Intelligenz.“ Enn vum Zitat.

Fir mech perséinlech ass d’Ziel vun der Politik, esou wéi ech se gesinn, dass all Bierger hei am Land kann en dezent Liewen féieren.

D’Sozial- an d’Emweltpolitik mussen a sollen finanzéiert ginn, dofir brauche mir eng stark Wirtschaft.

Dofir ass daat hei e Budget vun der Nohaltegkeet (Economie, Soziales, Emwelt).

3. Lëtzebuerg muss wettbewerbsfäheg sinn a bleiwen [economeschen Volet vun der Nohaltegkeet]

Jo, et ass wichteg d’Wirtschaft ze ënnerstëtzen, fir eisen Sozialmodell ze erhaalen an punktuell ze verbesseren do wou et néideg ass.

Jo, Lëtzebuerg soll a muss attraktiv sinn a bleiwen fir déi auslännesch Main-d’oeuvre. An hei geet esouwuel em Auslänner déi op Lëtzebuerg wunnen kommen, wéi em Frontalier’en.

Ech wëll awer betounen, dass et an der sougenannter „Talent attraction“, fir mech zumindest, net nëmmen em héich talentéiert Leit, notamment aus dem Finanzbereich, dierf goen. Och d’Handwierk, de Commerce, d’Industrie an d’Horesca brauchen gutt qualifizéiert Leit. Grad ewéi den Santés- a Sozialberaich.

Fir déi néideg Main-d’œuvre unzezéien mussen mer als Standuert attraktiv bleiwen.

Aus dësem Grond, brauch eng kompetitiv Economie och Investissementer an d’öffentlech Infrastrukturen. Daat erklärt och firwaat dës Investitiounen esou héich gehaalen ginn.

Lëtzebuerg brauch gutt Transportinfrastrukturen, sief et d’Stroossen, d’Eisebunn, de Tram oder de Flughafen, an e gudden öffentlechen Transport.

Lëtzebuerg brauch modern Schoulgebaier a Spideeler. 15

Lëtzebuerg brauch Aktivitéitszonen wou d’Entreprisen sech können implantéiren an net am administrativen Dschungel eënnerginn.

Iwregends kommen déi Investitiounen och dem lëtzebuerger Handwierk zegutt, an daat zu enger Zait wou de Bausecteur, wéi mer alleguer wëssen, konjunkturell Problemer huet.

Déi héich öffentlech Investitiounen sin also och e Konjunktur- Ënnerstëtzungsprogramm fir de Bau.

An och wann vill Leit daat net wëllen, oder net méi können héieren: Och de Steiersystem ass e Critère firwaat Entreprisen sëch zu Lëtzebuerg nidderlossen oder hier Aktivitéit hei am Land ausbauen.

Op all dësen Punkten ass d’Regierung aktiv, a wäert hir Effort’en an déi Richtung weiderféiren.

E groussen Chantier deen d’Regierung an Ugrëff geholl huet ass den vun der Simplification administrative.

D’Bürokratie huet en negativen Impakt op e puer Niveau’en:

  • Sie verlängert den Décisiounsprozess (heiansdo) enorm.
  • Sie bënnt vill Ressourcen bei Staat, Gemengen, Betrieber a Bierger. Ressourcen déi méi intelligent a méi produktiv

    kéinten agesaat gin.

  • Duerch den héijen Opwand, gemooss an Zeit an

    Humanressourcen, kascht d’Bürokratie d’Gesellschaft och vill Geld.

    De Wunnéngsbau mat sengem „Mille-feuille administratif“ ass heifir d’Paradebeispill: mat sengen sëllegen Rapport’en, Avis’en,

Etüden, an Pläng déi verlangt ginn, an de villen Recoursméiglechkeeten géint een an deen selwëschten Projet.

Och déi Fakteuren droen dozou bei de Logement méi deier ze machen.

Mee, ech hun et gesoot, d’Regierung ass am Gaang drun ze schaffen mat hirem Pak „Méi a méi séier bauen“. An daat ass gutt esou.

D’Wirtschaft ass keen Selbstzweck

D’Wirtschaft ass awer keen Selbstzweck, mais soll dozou dengen, d’Liewesqualitéit vun de Bierger ze erhaalen an ze verbesseren. Dofir huet d’Compétitivitéit vun der Economie och 2 aner wichteg Aspekter: Soziales a Emwelt.

Mat denen zwee Aspekter sin zwee Zieler verbonn:

  • Déi materiell Ofsëcherung vun de Bierger.
  • D’Liewen an eng propperer Emwelt an d’Erhaalen vun dëser

    Emwelt.

4. Triple SSS [sozialen Volet vun der Nohaltegkeet]

Héich sozial Standard’en: Och daat ass en Wettbewerbsfaktor, och daat mëcht den Standuert Lëtzebuerg attraktiv. Ech verweisen hei op d’Talent attraction vun der ech virdrun geschwaat hun.

Op der anerer Sait brauchen mer eng stark Wirtschaft fir eis am Sozialen daat ze leeschten, waat mer eis leeschten. Fir et vereinfacht ze soen: „Den Triple-A ass wichteg, fir den Triple-S ze finanzéiren“.

De Kuch muss gebak ginn är en kann verdeelt gin.

An dem Kontext wollt ech nach eng Kéier rappeléiren, dass 47% vun eisem Budget, d. h. baal d’Halschent, Sozialtransfert’en sin

Mein Punkt ass: Et gëtt eng Wiesselwirkung tëscht enger starker Economie an engem starken Sozialmodell. Déi zwee sollen net géinteneen ausgespillt gin.

Kafkraaft erhaalen a stärken

Eng vun de Prioritéiten vun der Regierung ass d’Stärkung vun der Kafkraaft.

Am Kader vum Entlaaschtungspak ginn eng ganz Partie vun Mesüren ëmgesaat, déi d’Kaafkraft vun de Bierger erhaalen an esouguer stärken.

Déi 1. Mesüre betrëfft praktesch alleguer d’Leit. 18

Et gëtt um 1. Januar 2025 eng weider Upassung vun der Steiertabell un den Index. An zwar eng Berengegung vun 2,5 Index-Tranchë. Dommader sin 6,5 vun 8 Index-Tranchë, déi zanter dem 1. Januar 2017 erfall sinn, ausgeglach.

Et gëtt awer och eppes gemach fir eng Grupp Leit déi daat iwwer déi lescht Joren, zu Recht, ëmmer erem gefuerdert huet: et handelt sech ëm d’Leit aus der Steierklass 1A. (d’Elengerzéier, d’Wittleit a Leit iwwer 64 Joer).

  • Hei gëtt de Montant vun der steierbefreiter Tranche vu 24.876 Euro op 26.460 Euro duerch d’Inflatiounsberengegung eropgesaat.
  • Doriwweraus gëtt d’Berechnungsformel vum Tarif an der Steierklass 1A ugepasst, waat eng zousätzlech Entlaaschtung mat sech bréngt.
  • Dann geséit den Entlaaschtungspak nach eng Moossnahm fir Elengerzéier vir. Et geet hei em d’Erhéijung vum Steierkredit (crédit d’impôt monoparental) vun 2.505 Euro op 3.504 Euro, d. h. eng Augmentatioun vun ronn 1.000 Euro.

    Wann een de kumuléierten Effekt vun den Mossnahmen kuckt, déi ech elo an de leschten Minuten erklärt hunn, dann entlaaschten mer d’Leit an der Steierklass 1A em Dausenden vun Euro!

Meng Conclusiounen zum Thema Stärkung vun der Kaafkraft:

  • Des Regierung hält waat se versprach huet.
  • Sie liwwert oof fir d’Bierger ze entlaaschten.
  • Stechwuert: méi Netto vum Brutto.
  • Et ass keen „logeschen Ajustement“ wéi verschiddener schreiwen.
  • …mais eng volontaristesch Politik.
  • Leit an der Steierklass 1A, eppes waat jorelang gefuerdert

    gouf, ginn em Dausenden Euro entlaascht!.

Aarmutsbekämpfung ass eng absolut Prioritéit

Ech wollt hei och enger Kéier kloerstellen, dass daat Sozialt net mat Sozialhëllefen ze verwiesselen ass.

Daat Sozialt begréift zum Beispill d’Gesondheetswiesen, den Pensiounsregime etc. Et betrëfft also ALL Bierger.

Par conter ass et bei den Sozialhëllefen esou, dass sie déi Schwächst an Vulnérabelbst gezielt sollen ënnerstetzen. An och hinnen erlaaben sollen, een eegenermoossent dezent Liewen können ze féieren.

Niewt der Kaafkraft, awer en Relatioun dozou, ass dofir eng weider Prioritéit vun dëser Regierung d’Aarmutsbekämpfung.

An dem Kader ginn eng ganz Série vun Mossnahmen geholl op déi ech kuerz wëll agoen.

D’Allocation de vie chère (AVC) geet em 10% erop. Méi Leit kommen an den Genoss dovun (+5,5 Milliounen Euro). An dobäi muss gesoot ginn, dass och vill Gemengen hei nach eppes drop léen. Wat och gutt esou ass. De Finanzminister huet d’Zuele genannt.

Bei den Energieprimmen (wou 2023 29.000 Stéit dervun profitéiert hun) geet och hei de Montant erop. Méi Leit kommen an de Genoss dovun.

  • Fir all déi Leit, déi bis elo dovun profitéiere konnte, gëtt d’Primm verdräifacht (16,3 Milliounen Euro).
  • FireRevenu,deen25%iwwertderAkommesgrenzfird’AVC läit, kritt een de volle Montant.
  • Doriwwer eraus gëtt d’Primm erweidert – mat engem degressive Montant – op Leit mat engem Revenu, dee bis zu 30% iwwert der Akommesgrenz fir d’AVC läit.

    Konkret heescht dat:

    • een 1 Persounen Haushalt kann bis zu 600 Euro Energieprämie kréien (+400 Euro);

    D’Empfänger vun der Allocation d’inclusion kréien automatesch d’Allocation de vie chère an d’Energieprimm (+6,2 Milliounen Euro).

    Den Equivalent crédit d’impôt gëtt definitiv bäibehale fir Leit, déi de REVIS oder de Revenu fir schwéier handicapéiert Persoune (RPGH) kréien (+16,8 Milliounen Euro).

    Ech haat et virdrun gesoot. Fir d’Monoparentaux, déi jo besonnesch vum Aarmutsrisiko betraff sin, ginn et dräi Mesüren:

  • Upasse vun der Steiertabell (op den 1. Januar 2024 an op den 1. Januar 2025);
  • Upassung vun der Berechnungsformel an der Klass 1A;
  • Erhéijung vum Steierkredit.

Den net-qualifizéierte Mindestloun gëtt fir all Steierklasse steierfräi, duerch een méi héije Steierkredit.

Waat d’Alters- a Pflegeheimer ugeet, do gëtt d’Hëllef fir Energie- Méikäschte bis Enn 2025 verlängert (+6,6 Milliounen Euro).

De Praisdeckel beim Stroum, och wann et adaptéiert gëtt, gëtt baibehaal. Daat kascht de Staat ëmmerhin 141 Milliounen Euro.

Et ginn méi Kreditter fir d’Sensibiliséierung vun de Bierger mam Ziel sie ze informéiren iwwer wat fir Hëllefen sie zegutt hunn.

Et soll en Guichet social agefouert gin als Ulaaf- a Kompetenzstell fir Sozialhëllef.

D’Dotatioune fir den Fonds national de solidarité ginn ëm +64 Milliounen Euro erop.

De Budget vum Office National d’Accueil (ONA) klëmmt em 11%. Niewt de Mesüren déi ech hei erwähnt hun wäert 2025 de Plang fir

Aarmutsbekämpfung virgeluecht ginn.

Eng LSAP Motioun vum 24. Abrëll 2024 huet d’Regierung invitéiert:

  • DenMindestlounëm100Euronettozeerhéijen–d’Regierung huet, no engem Joer, de Mindestoun elo ëm 77 Euro netto opgebessert. Sie huet weider véier Joer Zait fir weider Schrëtt.
  • Eng Exonération fiscale vum Mindestloun virzegesin – daat mëcht d’Regierung.
  • DeCréditd’impôtmonoparentaleropzesetzen-daatmëcht d’Regierung.

Erlaabt mer op dëser Plaaz eng kleng Parenthèse.

An de leschten zéng Joer ass den Aarmutsrisiko geklomm. Vill vun denen Politiker déi eis virwerfen no engem Joer hei net genuch gemach ze hunn, hunn zéng Joer lang nogekuckt, wéi den Armutsrisiko geklomm ass.

Meng Conclusiounen zur Aarmutsbekämpfung:

  • DësRegierungmëchtvillamKampfgéintAarmut.Echhune ganzen Arsenal un Mesüren opgezielt.
  • Mer machen ganz kloer eng Politik déi deenen ze gutt kënnt, déi et am meeschten brauchen.
  • Séier, effizient, a virun allem onburokratesch, wéi de Finanzminister seet.
  • Dës Regierung wäert och an den nächsten Joren weider Mesüren huelen an der Aarmutsbekämpfung.
  • De Narrativ vun enger liberaler Politik mat kalem Häerz, deen verschiddener esou gären wëllen strécken, ass durch d’Fakten widderluecht.
  • VillvundeenePolitker,déidathautbehapten,hatevirdrun d’Méiglechkeet, dat ze änneren.

Eng vun den Prioritéiten: d’Lutte géint Logementskriis

E wichtegen Punkt am Kampf géint Aarmut ass de Logement. Generell, gëtt fir grouss Deeler vun der Gesellschaft d’Sich no enger abordabler Wunnéng ëmmer méi zum Problem.

D’Praisser vu Logementer sin zu Lëtzebuerg tendenziell staark un d’Lucht gang.

An de leschten Joren koum dunn nach d’Hausse vun den Hypothéikenzënsen derbei. Daat huet et fir vill Leit onméiglech gemach, sëch den Draam vun enger eegener Wunnéng ze erfëllen.

Och hei ass dës Regierung aktiv ginn mat enger ganzer Série un Mesüren.

D’Ausgabe vum Spezialfong fir abordabele Wunnraum klammen ëm 130 Milliounen Euro par rapport zu 2024: vun 331 Milliounen op 461 Milliounen Euro. Op der Period 2025-2028 sinn insgesamt 2 Milliarden Euro virgesinn.

D’finanziell Bedeelegungen u Wunnengsbau-Projete vum Fonds du Logement, vun der SNHBM a vu Gemengen belaafen sech op 218 Milliounen Euro fir 2025 an ongeféier 1 Milliard Euro am Zäitraum 2025-2028.

De Staat wäert och Immobilien opkafen. Dofir si ronn 630 Millioune fir d’Period 2025-2028 virgesinn. Dorënner och 480 Milliounen Euro am Kader vum sougenannte VEFA-Opkafprogramm. Bis Ufank September:

• konnte Projet’e fir 152 Wunnengen ënnerschriwwe ginn.
• 13 Dossier’e fir ongeféier 414 Logementer waren zu deem

Zäitpunkt nach an der Evaluatioun.

Fir d’Gemengen stinn am Kader vum Pacte Logement 2.0 117 Milliounen Euro bereet.

Rétroactiv op den 1. Oktober bis den 30. Juni 2025 bezuelen d’Leit just nach d’Hallschent vun den Enregistrementskäschten déi ufaalen.

• Dës Reegel gëllt fir den Eegenheem-Keefer an den Investisseur.

• DesMesürekönntalsodeLeitzeguttannetdenPromoteuren.

Déi individuell Wunn-Bäihëllefe goufen, am Kader vum Logementspak, reforméiert sou dass méi Leit dovunner können profitéiren. D’Ziel war et, dass och hei méi Leit an de Genoss dovun kommen.

• DesMesurekönntalsodeLeitzeguttannetdenPromoteuren.

Den Entlaaschtungspak geséit vir, dass d’Bierger méi Scholdzënsen ofsetze können beim Kaf vun enger bestoender Wunneng oder och am Fall vun Iwwerbréckungskreditter („crédit- relais“).

Den 12. Dezember huet d’Europäesch Zentralbank (EZB) eng weider Kéier, fir d’véiert dëst Joer, un der Zënsschrauf gedréit. An zwar ass de Leetzëns ëm weider 0,25 Punkten erofgesat ginn, a läit elo bei 3,0%.

Ech ruffen d’Banken dozou op, dës Baisse esou séier wéi méiglech un hier Client’en weider ze ginn, an domadder d’Hypothéikenkrediter méi accessibel ze machen.

Och daat géif hëllefen, de Logement méi abordable fir d’Leit ze machen, an domat méi séier méi Schwong an den Logementsmarché ze bréngen.

Déi ugekënnegt Mesüren sinn gutt, ginn awer, menger Meenung no, leider nach net duer.

Ech mengen et misst een och den Gemengen méi Incentiven ginn, fir Logements abordables ze réaliséiren.

Esou huet de Syvicol, an sengem Avis zum Staatsbudget, eng Partie Pisten opgezechent:

  • D’Aide vun 1.500 Euro / Joer / Logement social soll op d’mannst verduebelt ginn.
  • De Plafonnement vun den Aiden soll suppriméiert, oder zumindest adaptéiert, ginn. Durch de Plafonnement ginn déi affichéiert Taux’en vun den Aiden an der Praxis oft guer nët errecht.
  • D’Gemengensollenochnëtweiderdiskriminéiretginnwaatd’ „Rémunération du capital investi“ ugeet.

    Ech wees dass de Logementsminister un enger Reform zum Gesetz iwwer de Logement abordable schafft. Ech wier frou, wann en Deel vun de genannten Pisten géifen mat opgeholl ginn.

Meng Conclusiounen zu der Logementsproblematik:

  • Des Regierung hëlleft de Leit, sech eng Wunneng ze leeschten andeems:

    o D’Offer un abordablen Wunnéngen, virun allem déi an öffentlecher Hand, eropgesaat gëtt.

    o Méi Bierger méi Hëllefen wärten kréien a manner Käschten hunn.

  • Am Fokus hei steet also kloer de Bierger, an nët, wéi verschiddeener behaapten, de Promoteur.
  • D’MesürensollenawerochdeBausecteurëremukuebelen, och fir ze verhënneren, dass Baubetrieber an d’Faillite faalen a Leit hir Aarbecht verléieren.
  • Och d’Banken sollen hir Responsabilitéit iwerhuelen an d’Zënsbaisse séier un de Client weiderginn.

 

Familjepolitik

D’Famill ass d’Fundament vun enger Gesellschaft. Och d’Familljen léisst d’Regierung net am Reen stoen. E grousst d’Thema ass d’Betreiung vun eisen Kanner.

Virun allem fir d’Elteren, déi allen zwee schaffen. De Staat ënnerstëtzt hei:

  • Iwwer de Chèque Service Accueil mat 804 Milliounen Euro (+88 Milliounen Euro / +12,3%).
  • Durchd’ParticipatiounundeprivateBetreiungsstrukturemat 612 Milliounen Euro (+8,1%).

    Nieft de steierlechen Entlaaschtungen gräift d’Zukunftskeess de Famille mat iwwert 1,5 Milliarden Euro ënnert d’Äerm:

  • ronn 1 Milliard Euro fir d’Kannergeld;
  • 422 Millioune Euro fir de Congé parental;
  • 33 Millioune Euro fir d’Allocation de rentrée scolaire;
  • bal 14 Milliounen Euro fir d’Allocation de naissance.

    Secherheet

    Zum gudden Zesummenliewen gehéiert och d’Secherheet.

    Et spiert een aus Diskussiounen, Presseartikelen a Reportagen eraus, dass d’Secherheetsgefill an der Bevölkerung zréck gangen ass. An ech schwätzen bewosst hei vun Gefill.

Dës Regierung ass aktiv ginn an ënnerhëllt konkret Mossnahmen fir deem entgéint ze wierken.

Ausserdem goufen Pilotprojet’en vun enger sougenannter „Police locale“ an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht lancéiert. Mat Réckmeldungen déi ganz positiv sinn. An verschidden aner Gemengen vun all politescher Couleur schéinen jo och de Fanger auszestrecken.

Demno schéint dem Innenminister Léon Gloden seng Politik net déi schlechsten ze sinn.

D’Regierung soll op dem Wee weider fueren. Mer ënnerstëtzen sie dobai.

Sozialdialog erhaalen

Déi déi mech kennen, wëssen waat den Sozialdialog fir mech bedeit. Ech si 40 Joer an deem Domaine aktiv – ech hunn gehollef, Kollektivverträg awer och, daat bleift leider net aus, verschidden Sozialpläng auszehandelen Ech war och bei e sëllegen Tripartitegespréicher derbei, grad ewéi bei Diskussiounen am „Comité permanent du travail et de l’emploi“ (CPTE)….

An och wann gestridden gouf, waat jo logesch ass, wëll d’Interessen vun Patron’en a Salariéen net ëmmer déi selwescht kënnen sinn, hu mer meeschtens eng Solutioun am géigensaitegen Respekt fonnt.

80 Prozent goufen zesummen decidéiert, a bei deenen aneren 20 Prozent war et d‘ Parlament wat seng Responsabilitéit geholl huet.

Et ass emmer am Respekt matenee geschwat ginn an et ass emmer am Respekt matenee gestridde ginn.

Der Dammen an der Hären,

Mee firwaat ass den Sozialdialog esou wichteg? Mee ganz einfach well en dozou baidréit, den sozialen Fridden an déi sozial Cohésioun ze erhaalen.

Och daat ass en Compétitivitéitsfakteur fir eist Land.

A Leit, déi Industriezonen an hire Gemengen hunn, déi wëssen, dass oft Betriber op Lëtzebuerg komm sinn, well et bei eis sécher war, dass net all Méindeg oder all Freideg gestreit ginn ass, mee dass se och sécher waren, dass do geschafft ginn ass.

Och dat war e Standuertvurdeel, virun allem an der Industrie an an der veraarbechtener Industrie. Lëtzebuerg brauch e strukturéierte Sozialdialog mat nationalrepresentative Gewerkschaften.

D’Zil war et, a misst et och an Zukunft sinn, iwwert de Sozialdialog Kompromësser ze fannen tëscht de Sozialpartner. Ech wëll dunn erënneren, dass mir eis souguer an Zäite vu schwéierste Krisen am Endeffekt ëmmer eens gi sinn an och déi Jalonger gesäit ginn ass. Dat hunn déi néideg waren.

Ech denken un d’Stolindustrie. Ech denken un d’Rettung vun zwou gréissere Banken hei am Lëtzebuerger Land. An dofir wäert ech mech mat alle Mëttelen dofir asetze, perséinlech op alle Fall, dass dat hei zu Lëtzebuerg esou bleift.

 

Accord salarial an der Fonction publique

Erlaabt mer nach een Wuert zu der Fonction publique ze soen.

Ech fannen et net gutt wann elo geschwënn d’Négociatiounen fir en neien Accord salarial an der Fonction publique lancéiert ginn, wann deen aalen Accord salarial vun Januar 2022 (deen also vun der viregter Regierung ënnerschriwwen gouf), haut nach ëmmer nët komplett emgesaat ginn ass.

Daat machen an e puer Wochen dräi Joer, déi sait der Signature vergangen sinn!

Esou ass d’Harmoniséirung vun den ënneschten Karrieren nach ëmmer net réaliséiert ginn. Den Avis vun der héijer Kierperschaft läit nach net vir.

Et wier gutt, wann dësen Accord ëmgesat wir, ier d’Verhandlunge fir deen neien Accord uginn.

An ech wëll och do ënnersträichen, an déi zwee Ministere felicitéieren, dem Minister vun der Fonction publique an dem Minister vum Interieur, dass deen och gesot hunn, dass dee Problem zwësche Staat a Gemenge, si och do wäerten zesummen eng Léisung sichen, dass dat net méi esou laang dauert, fir dass deen Accord, deen do fonnt ginn ass beim Staat, bis deen dann och kann an de Gemenge ëmgesat ginn.

An dofir kann ech déi zwee Ministeren nëmme felicitéieren a sinn dann gespaant wéi mer dat hikréien, fir dee Knuet opzeléisen

Aarbechtsorganisatioun moderniséiren, awer net egal wéi

D’Welt huet sech an den leschten Joren stark verännert. D’Usprëch un d’Aarbechtsorganisatioun machen do keng Ausnahm.

Ween huet virun COVID iwwer Télétravail geschwaat? Bal keen.

Ween huet virun zwanzeg Joer iwwer Work-Life-Balance geschwaat? Keen.

Jo, ech sinn och der Meenung, dass een d’Aarbechtsorganisatioun soll a muss moderniséiren. Awer net egal wéi.

D’Patron’en verlangen méi Flexibilitéit. Ech kann daat verstoen.

D’Salarié’en wëllen eng besser Work-Life Balance. Och daat kann ech verstoen.

Et geet wéi esou oft drëms, Kompromisser ze sichen an ze fannen.

Meng Meenung ass déi, dass daat hei en Dossier ass, wou et nach Loft no uewen gëtt.

Kollektivvertragsgesetz, Sonndesaarbecht, Fermetureszäiten am Handel, Congés spéciaux – all dës Dossieren musse während deene nächste Méint diskutéiert ginn. An Concertatioun mat allen Sozialpartner musse Léisunge fonnt ginn. Am Intressi vun allen Salariéen a vun allen Patronen.Den Avantage géif doran bestoen en kohärenten System ze schaafen, mam Ziel Léisungen ze fannen déi um Terrain d’Strooss haalen.

An all dësen sensibelen Dossier’en, wäert a muss d’Parlement der Regierung op d’Fangeren kucken. Ech wëll nach eng Kéier drun

erënneren, dass eng vun den Haaptmissiounen vun engem Parlament déi ass, d’Aarbecht vun der Regierung ze kontrolléiren.

Dëst ass e Fundament vun eiser Demokratie.

Mee ech sin och iwwerzécht dass Regierung a Parlament zesummen déi bescht Léisung fannen, am Intérêt vum Land. Daat heescht am Intérêt vun den Beschäftegten an am Intérêt vun den Betrieber.

Gesondheetswiesen stäerken

Zum Sozialen gehéiert sonner Zweifel och e gutt Gesondheetswiesen. Daat esouwuel waat d’Quantitéit vun den Dingschtleeschtungen ugeet, déi offréiert ginn, wéi d’Qualitéit vun dësen Dingschtleschtungen. An zu engem gudden Gesondheetswiesen gehéiert eng zolidd a stabil Finanzéirung.

Am Kloertext heescht daat fir mëch, dass mer héich Leeschtungen erhaalen mussen an de Finanzement dovunner ausbauen a garantéiren.

De Staat investéiert vill Geld an medizinesch Infrastrukturen, wéi d’Spideeler, an an medizinesch Dingschtleeschtungen, déi de Bierger zegutt kommen. Dofir muss d’Gesondheetskees op finanziell starken Been stoen. Och dat muss an deene nächste Méint diskutéiert ginn. Genee wéi och Ännerungen bei der Nomenclature an an den Tariffer, respektiv bei der Auslaschtung vun den Intrastrukturen.

Dofir brauch een och dat néidegt Personal.

aktuell ofhängeg vun Wirtschaftswuesstum.

engem permanent héijem

An den Pensiounsregime ofsecheren

E weideren wichtegen Pilier vun eisem Sozialmodell ass den öffentlechen Rentenregime, den sougenannten 1. Pilier.

Op dëser Plaaz begréissen ech vir d’éischt dass d‘Pensiounen ëm 1,6% op den 1. Januar 2025 erhéijt ginn.

D’Regierung ass iwwerzeegt, dass eng verantwortlech Politik eng nohalteg Politik ass. Déi och iwwer eng Législaturperiod erausgeet.

De Premier an d’Ministesch vun der Sécurité sociale hunn en Prozess an zwee Phasen ugekënnegt.

1. Et goung drëm, den Etat des lieux ze machen mat der Zivilgesellschaft, mat enger breed ugluechtener Consultatioun, wou jiddereen seng Ideen konnt abérengen.

2. Et geet elo drëm, méiglech Léisungen ze fannen op Basis vun denen Consultatiounen.

E puer Wierder zu eisem aktuelle Pensiounssystem:

  • Waat d’Pensiounscarrièrenugeet,assetesou,dassdéiJonk, bedingt durch d’Studien, spéit op den Aarbechtsmaart kommen. Op der anerer Sait stellen mer fest, dass déi allermeeschte Leit tëscht 60 a 61 Joer an d’Pensioun ginn. An de legale Pensiounsalter läit nach emmer bei 65 Joer. Esou steet dat nach emmer am Gesetz. An dat anert mat 57,60, do sinn all Kéiers aner Konditiounen dru gebonnen.
  • Den Finanzement vum lëtzebuerger Pensionsregime ass
  • Mer gesinn awer lo sait enger Partie Joren schon d’Nieweneffekter, fir net ze soen d’Kollateralschied, vun der dynamescher economescher Entwécklung: Stauen op eisen Strossen, Problemer waat den Accès zu abordablem Wunnraumm ugeet, Ofhängegkeet vun der Grenzrégioun, negativen Impakt op eis Emwelt, etc.
  • DerniewthumerendémographeschenProblemdeenëmmer méi stark Auswirkungen wäert hunn: niddreg Gebuertenraten op der enger Sait, an op der anerer Sait eng Bevölkerung déi ëmmer méi aal gëtt.
  • Durch d’Babyboomer, déi no an no an Pensioun ginn, klëmmt d’Zuel vun Pensionnéierten stark, während d’Zuel vun Aktiven u Schwong verléiert.

    Et brauch een nët de Nobelprais an der Economie kritt ze hun, fir ze mierken dass daat langfristeg net kann opgoen.

    Waat d’Ofsécherung vum Pensiounsregime ugeet, brauchen mer nët wait an d’Zukunft ze kucken. Well an e puer Joer schon, d’Dépensen méi héich wäerten sinn wéi d’Recetten. Dofir ass et wichteg, un der Schrauw vun de Recetten ze dréinen.

    Jo d’Reserven vun der privater Pensiounskeess, dem sougenannten „Fonds de compensation“, sinn héich, an absoluten Zuelen. Mais waat heescht daat? Dozou zwee Remarken.

    1. Déi Reserven gehéieren nët dem Staat, mais dat sinn d’Sue vun den Assuréen, déi abezuelt hunn. Si hir 8 Prozent, de Patron 8% an de Staat 8%. Et gi ganz vill Leit, déi driwwer schwätze, awer vergiesse, weem séng Reserven et sinn. Dofir ass et wichteg, dat ze ënnersträichen.

          2. D’Finalitéit vum Fong ass déi Pensiounsverspriechen mathëllefen anzeléisen, déi de Leit gemachen goufen, wéi se hir professionnell Carrière ugefang hunn.

Dëst zum Etat des lieux.

Domat ass et kloer, dass een deene Leit, déi dat versprach kritt hunn, an déi an der Pensioun sinn, respektiv kuerz virdru stinn, sech naischt däerf änneren an dass dat muss bestoe bleiwen.

Wëllen mer also den Status quo, mat allem waat daat mat sech bréngt, oder wëlle mer no Léisungen sichen wéi een, am Intérêt vun zukünftegen Generatiounen, de Régime langfristeg ofséchert?

Dorems geet et elo an der 2. Phase vun der Pensiounsdebatt.

Wéi d’Madame Minister ugekënnegt huet, ass et eng ergebnisoffen Diskussioun, déi sech op Proposen wäert baséiren, déi während der Consultatiounsphase, also der 1. Phase, gemach goufen.

D’Mesüren, wann se zréckbehaal sollten ginn, sollen langfristeg orientéiert sinn a keen Impakt op déi aktuell Pensionnären oder déi déi kuerz virun der Pensioun stinn, hunn.

Meng Conclusiounen zu der Pensiounsdebatt:

  • D’Politik vum „weider esou“ ass keng Optioun.
  • D’Politik vum „weider esou“ kënnt enger „Après-moi, le

    déluge“- Politik glaich.

  • Déi, déi vir de Status quo plaidéiren, setzen déi finanziell

    Ofsecherung vun zukünftegen Generatiounen op d’Spill.

  • Et muss een d‘Recetten an d’Luut setzen, dat kann een op e puer Art a Weisen machen. An do musse mer och zesummen dru schaffen. An ech sinn iwwerzeegt, dass mir zesumme Léisunge fannen.

 

6. Klima an Energie [ökologeschen Volet vun der Nohaltegkeet]

Och eng propper Emwelt gehéiert zu der Kompétitivitéit.

Mer wäerten keng auslännesch Main-d’oeuvre unzéien wann et sëch nët gutt zu Lëtzebuerg liewen léisst.

Am Intérêt vun eis alleguer steet d’Regierung zu den ambitiéisen Klimazieler zu denen eist Land sech verpflicht huet, d. h.:

  • D’Reduzéirung vun den Treibhausgasen em 55% bis 2030.
  • D’Energieefficacitéit soll em 42% verbessert ginn bis 2030.
  • D’Part vun den Energies renouvelables soll 2030 op 37%

    gesteigert ginn.

Daat ass wéi gesoot d’Ziel.

Een vun den Moyen’en fir dohinner ze kommen ass den PNEC („Plan national en matière d’énergie et de climat“). Dësen Plang ass d’Roadmap fir déi virdrun genannten Klimazieler ze erreechen.

An ech sinn dovun iwwerzeegt, dass dat wäert geléngen.

Aiden fir Photovoltaïk (PV)-Anlagen

D’Aiden fir PV-Anlagen waren zu Lëtzebuerg immens généréis.

Dës Aiden sinn adaptéiert ginn, a bleiwen mat enger Subventionnéirung vun 50% ganz héich. Mer brauchen domadder de Verglaich mat den Nopeschlänner net ze scheien.

Et muss een och rappeléiren, dass déi meescht Gemengen hei am Land nach eng kommunal Aide dropléen.

Waat de Bierger ganz vill wäert hëllefen ass de Préfinanzement deen d’Regierung wëll aféiren. Durch dësen System, och nach Tiers payant genannt, mussen d’Leit déi Aiden net méi aus der eegener Täsch virstrecken, fir dono méi oder manner laang op d’Hëllef vum Staat ze warden.

Praisdeckel

An der Lescht war den Stroumpraiss e groussen Sujet an der Aktualitéit.

D’Regierung huet d’Décisioun geholl, den Praisdeckel um Stroum ze verlängeren, mee d’Hausse vun dësen Praisser wäert op 30% begrenzt sinn.

Fir mëch ass déi Décisioun gerechtfertegt aus e puer Ursaachen.

Lëtzebuerg ass praktesch nach daat eenzegt Land mat sou engem Instrument.

De Praisdeckel geet erof, mee bleift erhaal, contrairement zu dem waat den Conseil vun der EU Lëtzebuerg recommandéiert huet.

D’Reduktioun vum Praisdeckel gëtt sozial ofgefierdert mat enger ganzer Partie vun Primmen wou (1)de Montant erhéijt gëtt; (2) méi Leit an den Genoss vun denen Primmen kommen wäerten.

Finalement ginn ech ze bedenken, dass den Praisdeckel, trotz Adaptatioun, nach e Käschtepunkt vun 141 Milliounen Euro huet.

Eng ugekënnegt nei Tarifstruktur beim Stroum, déi ab dem 1. Januar 2025 applikabel wier, huet fir vill Onrou gesuergt.

Ab deem Steechdatum ass den Stroumpraiss net méi fir jiddereen deen selweschten, mee hängt vum eegenen Konsumverhaalen of. De Client kritt en Referenzwert gerechent, baséirend op sengem Konsum vun den leschten 12 Méint.

Just fir déi Zeiten wou de Client mat sengem Verbrauch séin Referenzwert iwwerschreit, muss heen méi bezuelen. Et gëtt gesoot, dass fir 93% vun den Stéit sëch näischt wäert änneren.

Ziel vun deer Operatioun ass et, d’Spëtzenzaiten vum Verbrauch ofzeflaachen an d’Netzbelaaschtung besser ze verdeelen.

No 6 Méint sole mir e Bilan zéien a kucke wéi et weider geet.

Primen fir Elektroauto’en

Fir den Posten „Promotion des véhicules routiers à zéro ou à faibles émissions de CO2“ sinn 2025 baal 54 Milliounen Euro virgesinn. 2023 waren daat der nach 40 Milliounen.

Jo et stëmmt. D’Primmen fir Elektroauto’en sinn adaptéiert ginn. Sie sinn sozial méi sélektiv ginn.

Oder fënnt een heibannen daat normal, dass den Staat Elektro- Luxus-SUV’en mat Steiergelder géif subventionnéieren?

Meng Conclusiounen waat den Environnement ugeet:

  • Contrairement zu dem waat verschidden Kreesser behaapten assden Emweltschutz wichteg fir dës Regierung.
  • Et gëtt konsequent an erneierbar Energien investéiert.
  • Och d’Elektromobilitéit gëtt weider ënnerstetzt.
  • D’Hëllefen an dësem Beraich ginn sozial méi selektiv.
  • …ewech vun der Géisskaanenpolitik.
  • Och beim Energiepraisdeckel mëcht des Regierung en Phasing-out deen sozial ofgefierdert gëtt.

 

FAZIT

Dës Majoritéit mëcht Neel mat Käpp

Sie mëcht eng Politik fir d’Gesellschaft. Anerer schwätzen driwer, sie mëcht et.

Sie erhéijt d’Kafkraaft vun der Populatioun. Méi Netto vum Brutto. Grad fir déi breet Mëtt.

Sie erhéijt d’Ënnerstetzung vun den Vulnérabelsten an eiser Gesellschaft. D’Aarmutsbekämpfung ass eng vun den groussen Prioritéiten.

Sie beméit sech de Wunnengsmaart erem un d’Laafen ze kréien an méi aborabdabel Wunnengen op de Marché ze bréngen.

Sie mëcht alles, fir déi ökologesch Transitioun hinzekréien.

Sie agéiert net nëmmen am „Hier und jetzt“.

Am Intérêt vun deenen Jonken an den zukünftegen Generatiounen ass d’Regierung beméit de sozialen System langfristeg ofzesecheren.

D’Regierung staërkt d’Wirtschaft, fir eisen lëtzebuerger Sozialmodell kënnen ze finanzéiren

Erlaabt mer zum Schluss nach e Wuert zum Sozialdialog.

De Sozialdialog war, a bleift wichteg fir de sozialen Fridden, fir déi sozial Cohésioun, an jo, fir d’Compétitivitéit vun eisem Land.

Ech wäert mech perséinlech dofir asetzen dass daat esou bleift.

Am Sozialdialog geet et drëms, Kompromësser ze fannen, am gesonden Equiliber.

A Kompromësser hun et eben esou u sech, dass keng Sait 100% zefridden ass.

Mir sin ëmmer gutt domadder gefuer. An ech wëll dass daat esou bleift.

D’CSV gëtt d’Zoustemmung zu dësem Staatsbudget. Merci fir Är Opmierksamkeet.