Däerfe privat Fotoe vun ëffentlech zougängleche Konschtwierker oder Gebailechkeeten net fir kommerziell Zwecker genotzt ginn? Ass eng Reform vum Gesetz virgesinn ?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch an un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.
Enner Panoramafräiheet versteet sech d’Limitatioun vum Urrheberrecht, déi et de Bierger erlaabt Reproduktioune vun ëffentlech sichtbare Gebaier oder Konschtwierker ze reproduzéieren ouni  d’Autorisatioun vum Besëtzer ze hunn. Dës Limitatioun gëllt awer fir verschidden europäesch Länner net, sou wéi zu Lëtzebuerg oder och nach a Frankräich.
Sou geséit d’Gesetz iwwert Droit d’auteurs vun 2001 fir, dass et keng spezifesch Limitatioun vun den Droits d’auteurs gëtt, déi de Bierger erméigleche géif ëffentlech Gebailechkeeten oder Konschtwierker, ouni Accord, zu kommerziellen Zwecker ze reproduzéieren. Sou dierf der nationaler Legislatioun no keng Reproduktioun vun der Gëlle Fra ouni den Accord vum Besëtzer reproduzéiert ginn. Dëst féiert dozou, dass Reproduktioune vun deene Gebailechkeeten oder Konschtwierker zenséiert ginn (cf. Foto an der Annexe).
Änlech wéi zu Lëtzebuerg, dierf den Eiffel Tuerm net bei Nuecht fotograféiert a verëffentlecht ginn ouni spezifeschen Accord vun der Société d’exploitation de la Tour Eiffel ze hunn.
An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un d’Madamm Justizministesch an un den Här Wirtschaftsminister stellen:

Kënnen d’Ministeren ons d’Ausso confirméieren, dass privat Fotoe vun ëffentlech zougängleche Konschtwierker oder Gebailechkeeten net fir kommerziell Zwecker genotzt dierfe ginn?

Wéieng Mesurë gesinn d’Ministere fir, fir d’Panoramafräiheet och privat Bierger ze garantéieren? Ass eng Reform vum Gesetz virgesinn?

Wéi gesinn d’Ministeren den Equiliber teschend den Droits d’auteur an der Panoramafräiheet?

Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

Alex Donnersbach
Députéierten

Zréck