Op Ufro vun der CSV-Fraktioun hunn sech de Fraktiounspresident Marc Spautz an déi zwee CSV-Generalsekretären a Deputéierte Françoise Kemp an Alex Donnersbach mat der CGFP-Exekutiv getraff. Sujet’e ware villfälteg – ugefaange mam Pensiounsdebat. Do stinn nach Consultatiounen an ënnert anerem en Debat nach virun Ouschteren an der Chamber un, wou d’Parteien sech wäerten äusseren. „Et wäert näischt unilateral decidéiert ginn“, huet de Marc Spautz betount.
Weider Sujet’e waren de Gehälteraccord vum Januar 2022, den nach ëmmer net ganz ëmgesat ass. Den Avis vum Staatsrot zur Harmoniséierung vun den ënneschte Karriären ass nach net do. D’CGFP huet dergéint begréisst, dass de Bewäertungssystem an der Fonctioun public elo ofgeschaaft ass. Elo misst dat och nach an den Etablissement public ëmgesat ginn.
Weider Sujet’en ware d‘Reform vum Disziplinarrecht an d’Protektioun vun Staatsemployée’en, déi laangzäitkrank sinn a no sechs Méint riskéieren, entlooss ze ginn.