Sabotage a Spionage duerch Agenten aus Russland an europäesche Länner ?

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu russesche Geheimdéngschtaktivitéiten un den Här Ausseminister an den Här Premierminister weider ze leeden.

De 14. Oktober hunn déi däitsch Norichtendéngschter an enger Anhörung am Bundestag virun engem aggressiven Agéiere vu russesche Geheimdéngschter gewarnt. Sabotage a Spionage duerch Agenten aus Russland hunn extrem zougeholl, an e bis elo nach onbekannten Niveau erreecht an dat an alle Beräicher vun der Gesellschaft. Dobäi géifen och Mënscheliewen um Spill stoen. Zum Beispill ass um Flughafe Leipzig e Container duerch e Brandsaz an enger DHL-Express-Sendung aus dem Baltikum, wouhannert ee Russland vermut, a Brand geroden. Nëmmen duerch eng Verspéidung vum Fliger konnt eng Katastrophe verhënnert ginn. Och an aneren europäesche Länner kënnt et zu Tëschefäll, zum Beispill huet zu London eng Lagerhal vun enger brittesch-ukrainescher Entreprise gebrannt oder a Polë gouf et e Feier an engem Akafszentrum. Sou huet och schonn onlängst de Chef vum britteschen Inlandsgeheimdéngscht MI5 virun enger schwéierer Amëschung Russlands an d’Sécherheet vun Europa gewarnt.

 

An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un den Här Ausseminister an den Här Premierminister stellen:

  • Wéi schätzen d‘Ministeren d’Situatioun vu russesche Geheimdéngschtaktivitéiten zu Lëtzebuerg an?
  • Hunn d’Ministeren Kenntnis vu konkrete Fäll vu russescher Spionage oder Sabotage zu Lëtzebuerg, sou wéi se an aneren europäesche Länner opgetruede sinn?
  • Wéi eng Moossname kënne geholl gi fir de russesche Geheimdéngschtaktivitéiten entgéint ze wierken?
  • Stinn d’Ministeren hei am Austausch mat den aneren europäesche Länner fir eventuell gemeinsam Moossnamen auszeschaffen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Octavie Modert

Deputéierten

Zréck