Fräi politesch Tribün iwwert de Stroumpräis

De russeschen Iwwerfall op d’Ukrain huet net nëmme vill Misär fir d’Leit an der Ukrain bruecht, mee och eng weltwäit Energiekris ausgeléist. De Stroumpräis hat sech zäiteweis vervéierfacht a läit elo ongeféier beim Duebele vun der Zäit virum Ukrainkrich. Déi Hausse ass awer ni richteg bei de Stéit ukomm, well de Staat mat dem sougenannten Deckel d’Differenz iwwerholl huet. Kloer war awer vun Ufank uns, dass dat just kéint temporär sinn. Déi aner Länner hunn den Deckel iwwregens scho méi laang erëm ofgeschaaft, wat bedeit, dass de Stroum bei all eisen Nopere substanziell méi deier ass wéi bei eis.

Hei kënnt der déi ganz Fräi Tribun vum Jeff Boonen, déi op RTL an um Radio 100,7 gelaf ass, nach eng Kéier lauschteren :