Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den d’Madame Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet weiderzeleeden.
Medizinesch Studien hu gewisen, dass déi reproduktiv Gesondheet vun der Bevëlkerung erofgeet, an ëmmer méi Koppelen op eng kënschtlech Befruchtung zeréckgräife mussen, fir hire Kannerwonsch ze erfëllen. Leider ass d’Offer hei am Land begrenzt, an dës Koppele mussen dofir an d’Ausland. Nieft dem Deplacement an d’Ausland stellt dëse Prozess fir déi Betraffen och eng mental Belaaschtung duer an et ass en Thema, iwwert dat an der Gesellschaft net genuch oppe geschwat gëtt, wat et fir déi betraffe Leit net méi einfach mécht, mat dëser Belaaschtung ëmzegoen.
An deem Kontext wollte mir follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet stellen:
- Wei vill Inseminatiounen hate mer an de Joren 2021, 2022, 2023?
- Wei vill In Vitro Behandlunge gouf et an de Joren 2021, 2022, 2023?
- Wat waren d’Erfollegsquote bei den Inseminatiounen a bei den In Vitro Behandlungen?
- Wat sinn d’Duerchschnettskäschte vun Inseminatiounen an In Vitro Behandlungen a wéi vill dovu gëtt vun der Gesondheetskeess iwwerholl?
- Wéi vill Spezialisten fir In Vitro Behandlungen hu mir am Land?
- Gëtt eng eng Waardelëscht vu Leit, déi op déi Behandlunge waarden? Wa jo, wéi laang ass déi?
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.
Charles Weiler Françoise Kemp
Deputéierten Deputéiert
Zréck