Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu der Rußrindenkrankheet un den Här Ëmweltminister weider ze leeden.
D‘Rußrindenkrankheet ass eng Krankheet déi bei Ahornbeem virkënnt an déi duerch eng Infektioun mat engem spezifesche Champignon ausgeléist gëtt. Dobäi kënnen d’Sporen vun dësem Champignon allergesch Reaktiounen ausléisen. D’Rußrindenkrankheet ass an der Vergaangenheet virun allem no dréchen a waarme Summeren opgetrueden; Et kann een also domadder rechnen, dass dës Krankheet duerch de Klimawandel ëmmer méi Beem wäert betreffen an domadder och Léit – besonnesch mat allergesche Virerkrankungen – beanträchtegen.
An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un de Minister stellen:
· Wou ass d‘Rußrindenkrankheet zu Lëtzebuerg verbreet?
· Weess de Ministère wéi vill Ahornbeem, bzw. wéi vill Prozent vun der Populatioun, betraff sinn?
· Wéi eng Schutzmoossname gi geholl fir zum Beispill Spadséiergänger oder awer Fierschter a Bëschaarbechter ze schützen?
· Sinn aktuell Reegelungen en place déi beim Emmaachen vu befallene Beem mussen agehale ginn? Wann jo wéi eng? Wann nee, firwat net?
Ginn d’Gemenge vum Staat bei dem logisteschen a finanzielle Méiopwand, deen duerch d’Entsuergung vu befallene Beem entsteet, ënnerstëtzt?
Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Françoise Kemp
Deputéierten
Hei fannt dir d’Äntwert op dës parlamentaresch Fro :
Zréck