Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zur neier Tarif-Struktur um Stroummarché un den Här Energieminister weider ze leeden.
Den Institut luxembourgeois de Régulation (ILR) huet kierzlech ugekënnegt, dass d’Tarif-Struktur vun de Netzkäschten an der Niddregspannung ab dem 1. Januar 2025 soll ugepasst gi fir esou besonnesch d’Stroumspëtzten ze reduzéieren an domadder d’Belaaschtung vun onse Stroumnetzer ze optiméieren. An der Niddregspannung sinn awer net nëmme privat Client’e mee och professionell a kommerziell Acteuren, wéi zum Beispill den Handwierker oder de landwirtschaftleche Betrib. Beim Bäcker (Uewen) oder beim Bauer (Sträichmaschinn) kann de Stroumverbrauch zu de Spëtzte 4-5 Mol sou héich si wéi am Duerchschnëtt.
An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un de Minister stellen:
Huet de Ministère Zuelen iwwert d‘Netzbelaaschtung am Dagesverlaf?
Ass sech de Minister der uewe beschriwwener Problematik bewosst, dass déi nei Tarif-Struktur riskéiert mëttelstänneg Betriber ze treffen déi net vill Flexibilitéit hu fir de Stroum am Dag ze verdeelen?
Sinn Kompenséierunge fir des Betriber virgesinn?
Wann jo, wéini soll dat geschéien? Wann nee, firwat net?
As ee Program de soutien à l’investissement fir Energiespäicher oder aner Späicher-Infrastrukturen virgesinn– och onofhängeg dovun op een Energie selwer produzéiert?
Wann jo, wéini soll dat geschéien? Wann nee, firwat net?
Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Jeff Boonen
Deputéierten