Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.
An engem Interview an der RTL-Sendung “Background” vum 19. Oktober 2024, an där d’Madamm Procureur général d’État, d’Martine Solovieff, Invitée war, ass et ënner anerem ëm d’Drogeproblematik am Garer Quartier gaangen. An deem Zesummenhang huet d’Madamm Solovieff op eng Nofro vum Journalist zur Verdeelung vun den Agente vun der Police judiciaire betount, dass de Parquet „jo léiwer op de méi wichtegen, méi groussen Dossieren [schafft]. De groussen Trafick, awer net op deenen ënneschte Membere vun der Hierarchie. Fir déi aner Affairen ze maachen, do braucht der Zäit a Mëttel“.
D’Madamm Solovieff huet och gesot, dass „en termes de gravité“ d’Affären net méi „déi Qualitéit“ hunn, déi se mol haten. An der Praxis géif dat bedeiten, dass déi presuméiert Täter no 14 Deeg lafe gelooss ginn.
An deem Kontext wéillt ech follgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen:
Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifsteRespekt unzehuelen.
Laurent Mosar
Députéierten
Zréck