Wéieng Mesurë geséit den Educatiounsminister fir fir an Zukunft de Platzmangel an de Maison relais an de Betreiungsariichtungen ze verhënneren?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Aus der nationaler Presse vum 15. Oktober geet ervir, dass d’Gemeng Miersch mat engem akute Platzmangel an de Maison relais an de Betreiungsariichtungen ze kämpfen huet. Sou ass gewosst, dass fir d’Kanner déi ab hirem drëtte Joer an d’Précoce kënne goen, keng deementspriechend Platz an de Maison relais kréien. Doraus erschléisst sech, dass Elteren déi vollzäit schaffen an net kennen op d’Hëllef vun der Famillkënnen zréckgräifen, hier Kanner net an d’Précoce kënne schécken a gezwonge sinn op Crèchen oder Dagesmammen zréckzegräifen, wat substantiell finanziell Konsequenze fir déi jeeweileg Famillen huet.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:

  • Wéieng Mesurë geséit den Educatiounsminister fir fir an Zukunft e sou een Platzmangel ze verhënneren?
  • Gëtt den Edukatiounsminister de Gemengen Virgaben zum Ausbau vun der Offer, fir sécherzestellen, dass all Kanner Zougank zu enger ëffentlecher Betréiung hunn?
  • Op wéi enge Krittäre kréien d’Kanner zu Miersch, an och an anere Gemengen, déi op enger Waardelëscht stinn, eng Platz an der Maison relais?
  • Aus besotem Artikele geet ervir, dass d’Gemeng Miersch net aleng mat dem Problem géing stoen. Kann den Educatiounsminister déi Ausso bestätegen? Wa jo, wéi vill Gemengen si konkret vum Platzmangel an de Maisons relais betraff?
  • Huet de Minister Zuelen vun de privaten Offren a Kenntnis doriwer ob et och an de privaten Betréiungsstrukturen Waardelëschten gëtt?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Jean-Paul Schaaf

Députéiert

                                               

 

 

Zréck