Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsministesch weiderzeginn.
Zanter engem Joer trieden a Frankräich ëmmer méi Fäll vun epizootescher Hemorrhagie bei de Ranner op. An dem Kontext wollte mir follgend Froen un d’Madamm Landwirtschaftsministesch stellen.
- Goufen hei zu Lëtzebuerg scho Fäll vun epizootescher Hemorrhagie bei de Ranner festgestallt?
- Wa jo, wéi vill Fäll si bis elo bekannt?
- Ass schonn e Vaccin disponibel, a wa jo, wéi vill Dose sinn op Stock?
- Gi spezifesch Mesuren en place gesat, fir e weidert Ausbreede vun der Krankheet ze verhënneren?
- Des Weidere gouf kierzlech e Fall vu Blozongekrankheet vum Typ 12 an Holland, net wäit vun der däitscher Grenz, festgestallt. Ginn et och hei fir scho Vaccinen a falls jo, wéi vill Dosen sinn disponibel?
Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.
Stéphanie Weydert Jeff Boonen
Deputéiert Deputéierten
Zréck