Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus weiderzeleeden.
Am Kader vum Rapport «Travail et cohésion sociale» vum STATEC gouf an der leschter Legislatur ee Comité d‘accompagnement organiséiert. Menger Kenntnis no huet säit dem Legislaturwiessel kéng Reunioun méi stattfonnt.
An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un den Här Minister stellen:
- Ass et virgesinn dass de Comité d’accompagnement am Kader vum Rapport «Travail et cohésion sociale» erëm zesummekënnt ?
Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Paul Galles
Deputéierten
Zréck