Ass sech den Här Ëmweltminister der Problematik bezüglech der Berechnung vu kommunalen CO2-Bilanzéierungen bewosst?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de kommunalen CO2-Bilanzéierungen un den Här Ëmweltminister weider ze leeden.

 

Am Klimapakt 2.0 ass virgesinn, dass och vun de Gemengen CO2-Bilanze sollen erstallt gi fir dass d’Gemengen esou e besseren Iwwerbléck iwwert hiren CO2-Foussofdrock kréien an deen dann och ggf. méi effizient kënne reduzéieren. Leider kënnt een aus Dateschutzgrënn awer net esou einfach un dës Donnéeën déi d’Gemenge fir d’Erstellung vun de Bilanze brauchen erun, och wann se zum Deel verfügbar sinn, zum Beispill am Finanzministère, wéi d’Klima-Bündnis Lëtzebuerg ervirhieft. Laut den Aussoe vun der Steierverwaltung géint iwwer dem Klima-Bündnis kéint een d’Donnéeën un d’Gemenge just da weider leeden, wann dat konkret an engem Gesetz stoe géif.

An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un de Minister stellen:

  • Ass sech de Minister der uewen beschriwwener Problematik bezüglech der Berechnung vu kommunalen CO2-Bilanzéierungen bewosst?
  • Stëmmen dës Aussoe vun der Steierverwaltung géintiwwer dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg?
  • Gesäit de Minister fir d’Klimagesetz diesbezüglech ze änneren an eng Reegelung fir den Datentransfert fir d’Berechnung vu kommunalen CO2-Bilanzéierungen, anzeféieren?
  • Wann jo, wéini soll dat geschéien?
  • Wann nee, firwat net?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Jeff Boonen

Deputéierten

 

 

 

 

Zréck