Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weiderzeleeden.
Déi sou-genannten E-Scooter sinn och zu Lëtzebuerg säit e puer Joer ëmmer méi beléift, besonnesch bei jonke Leit. Leider suergen dës Gefierer, och wéinst hirer Héchstgeschwindegkeet, ëmmer erëm fir geféierlech Situatiounen, sief et um Trottoir, an der Foussgängerzon, um Vëloswee oder op der Strooss. Och gesäit ee vill Leit, déi ouni Helm op deenen E-Scooter ënnerwee sinn.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:
Wat ass de Mindestalter fir dierfen E-Scooter ze fueren?
Wéi vill Accidenter gouf et an deene leschten 3 Joer mat Bedeelegung vun E-Scooter?
Ass hir Unzuel an d’Luucht gaangen?
Wat ass den Alter vun deenen accidentéierten E-Scooter Fuerer?
Haten déi accidentéiert E-Scooter Fuerer een Helm un?
War och Alkohol oder Marihuana am Spill?
Goufen et Doudeger bei Accidenter mat Bedeelegung vun E-Scooter?
Här President, Mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.
Nancy Arendt, épouse Kemp
Deputéiert