Wéi soll déi vum neien Direkter vun der Steierverwaltung ugekënnegt Regroupéierung vun de verschiddene Site vun der Verwaltung geschéien ?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Finanzminister weiderzeleeden.
An engem rezenten Interview um Radio huet den Direkter vun der Steierverwaltung, dee säit dem 1. Mee am Amt ass, eng Rei Ukënnegunge gemaach, wat d’Zukunft vun der Steierverwaltung ubelaangt. Hien huet, ënnert anerem, ugekënnegt, datt et Iwwerleeunge ginn, fir d’Verwaltung, déi aktuell op 24 Site a 14 Gemengen verdeelt ass, esou wuel kuerz- ewéi laangfristeg ze regroupéieren.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Finanzminister stellen:
Wéi eng regional Site ginn et a wéi vill dovunner, respektiv wéi eng, solle weider bestoe bleiwen?
Wéi vill verschidde Site ginn et an der Stat?
Wéi vill Leit schaffen op deenen eenzelnen Site?
Wou sollen déi Neiastellungen hir Aarbechtsplaz kréien?
Gëtt dru geduecht fir eventuell Leit op méi engem grousse Site ze regroupéieren?
Wa jo, ass scho gewosst wou dat kéint sinn a fir wéini dat wier?
Gëtt dëse Site vum Stat gelount oder kaaft?
Wat ass de Präis pro m2 am Fall vun engem Kaf, respektiv de Loyer pro m2 am Fall vun enger Locatioun?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Diane Adehm
Deputéiert

Zréck