Den Entlaaschtungs-Pak: “Een Invest an d’Zukunft vun eisem Land”

De Finanzminister Gilles Roth huet haut den Entlaaschtungs-Pak fir méi Kafkraaft an d’Stäerkung vun der Kompetitivitéit präsentéiert.

De Volume vum Gesamt-Pak bedréit ronn eng hallef Milliard Euro. De Finanzminister Gilles Roth bei der Presentatioun vum Entlaaschtungs-Pak: „Den neien Entlaaschtungs-Pak ass keng blann Wett op d’Zukunft, et ass en Invest an d’Leit, et ass en Invest an d’Betriber an hien ass virun allem een Invest an d’Zukunft vun eisem Land“.

Vun den ëmfangräiche Mesure vum Entlaaschtungs-Pak profitéieren d’Famillen an d’Stéit, deenen hir Steierlaascht substantiell erofgeet. D’Bekämpfung vun der Kanneraarmut ass eng absolut Prioritéit vun der CSV-DP Regierung. Mam Entlaaschtungs-Pak geet d’Regierung konsequent géint d’Kanneraarmut vir.

D’Steiertabell gëtt weider un den Index ugepasst. Vum 1. Januar u gi weider 2,5 Index-Tranchë berengegt. 6,5 vun 8 Indextranche sinn domadder bannen 12 Méint berengegt. Elengerzéiend Stéit a Wittleit gi besonnesch entlaascht (Steierklass 1A). Hire Situatioune wäert besser Rechnung gedroe ginn. De Finanzminister Gilles Roth nennt dat mat Recht eng historesch Entlaaschtung.“Ech engagéiere mech fir de grousse Projet vun der Individualbesteierung am Interessi vun engem moderne Lëtzebuerg virun ze dreiwen“, esou de Gilles Roth.

Een anert bedeitend Signal ass, datt de Net-qualifizéierte Mindestloun fir all Steierklass steierfräi gëtt. Weider cibléiert Mesuren entlaaschte Famillje mat Kanner an erliichteren d’Acquisitioun vun engem Logement.

Op wirtschaftlechem Plang leet de Finanzminister Gilles Roth Mesure fir, déi op eng duerchduecht Aart a Weis anenee gräifen, déi Leeschtung belounen an d’Kompetitivitéit stäerken: D’Kierperschaftssteier geet vu 17 % op 16 % erof. Fir kleng Betriber geet de Steiersaz vu 15 op 14 % erof. Nieft weidere cibléierte Mesuren entfält op der Finanzplaz fir Fongen, déi bestëmmte Krittären erfëllen, d’Taxe d’Abonnement. Eng steierlech favorabel Behandlung wäert drop ofzilen, Talenter mat héich spezialiséierte Profiller unzezéien. Fir motivéiert Mataarbechter ze fideliséieren, gëtt d’Bedeelegungs-Primm eropgesat.

Mat dëse Mesuren, déi international Signalwierkung hunn, gewënnt d’Lëtzebuerger Ekonomie op internationalem Plang bedeitend un Attraktivitéit. De Finanzminister Gilles Roth: “Den neien Entlaaschtungs-Pak steet fir e Lëtzebuerger Modell vum Mateneen a virun allem vum soziale Fridden, fir e Lëtzebuerg, dat fir d’Zukunft soll gestäerkt ginn.“

Weider Informatioune mat konkrete Rechebäispiller fënnt een op der Säit vum Finanzministère.