Wéi eng Mesure gedenkt Här Sportminister z‘ënnerhuelen fir géint Fäll vu Rassismus am Sport virzegoen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.

Aus engem vum 1. Mäi verëffentlechten Artikel aus der nationaler Dagespress geet ervir, dass wärend engem Fussballsmatch vum 28. Abrëll an der Éierepromotioun et zu rassisteschen Äusserunge vis-à-vis vun engem Spiller komm ass. Dës Äusserungen haten ënner anerem d‘Form vun Afegeräischer. Dee betraffene Spiller huet de Virfall spéider och ëffentlech gemaach a sech géint all Form vun Diskriminatioun ausgeschwat.

Am Rapport vun de FLF ass de Virfall leedeglech mat follgender Mentioun festgehal ginn: „Les spectateurs sont priés de se comporter de manière fair-play“.

An deem Kontext wollte mir follgend Froen un den Här Sportminister stellen:

  • Huet de Sportminister Kenntnis vun dësem Virfall?
  • Wéi vill änlech Virfäll sinn him iwwer déi läscht 12 Méint bekannt?
  • Wéi eng Mesure gedenkt hien z‘ënnerhuelen fir géint Fäll vu Rassismus am Sport virzegoen?

 

Här President, Mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

Charel Weiler

Deputéierten

Zréck