Wat geschitt mat den Administratiounen déi sech aktuell am Verwaltungsgebai zu Dikrech befannen, wann dëst Gebai ofgerappt an nei gemaach gëtt ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister, den Här Aarbechtsminister, den Här Minister fir den ëffentlechen Déngscht, den Här Minister fir Landesplanung an un d’Madamm Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

Laut Landesplanung soll Nordstad nieft dem Zentrum an der Südregioun zum 3. Entwécklungspool am Land ginn. Doduerch soll net nëmmen eng besser Verdeelung vun den Aktivitéiten am Land favoriséiert gi mä och de Bierger soll de beschtméiglechen Accès op staatlech Verwaltunge garantéiert kreien.

 

Am « Accord de coalition 2023-2028 » ass festgehalle ginn dass « La décentralisation des emplois aux centres de développement et d’attraction (CDA) du pays constituera également une priorité pour le Gouvernement. L’Etat servira d’exemple en procédant à l’implantation de certains services et administrations dans les CDA. »

 

Dezentraliséierung vun Aarbechtsplazen an administrative Servicer ass essentiel fir d’Entwécklung vum ländleche Raum a virun allem fir déi ugeduechten Nordstad.  Sou sollen am „Centre administratif Nordstad“ zu Ettelbréck verschidde staatlech a parastaatlech Servicer relogéiert ginn.

 

Wéi aus der Äntwert op d’Fro n° 7622 vum 20. Februar 2023 ervirgeet sollen ënnert anerem Servicer vum Educatiounsministère, dem Kadaster, der Douane, der Steierverwaltung drakommen, mä och déi aktuell Maison Médicale an de Planning Familial relogéiert ginn. Ausserdeem ass och präziséiert gi, dass verschidde Servicer net nëmme relogéiert mee och verstäerkt ginn.

 

Datt méi Verwaltungen an den Norden solle kommen ass begréissenswäert an e wichtege Schratt a Richtung administrativ Dezentraliséierung.

 

An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un den Här Finanzminister, den Här Minister fir den ëffentlechen Déngscht, den Här Aarbechtsminister, den Här Minister fir Landesplanung an un d’Madamm Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte riichten.

 

  • Ass weiderhi geplangt déi uewegenannte staatlech Verwaltungen a Servicer an der Nordstad ze relogéiere respektiv unzesidelen ?

 

  • Wat geschitt mat den Administratiounen déi sech aktuell am Verwaltungsgebai zu Dikrech befannen, wann dëst Gebai ofgerappt an nei gemaach gëtt ?

 

  • Wei eng Administratioune sollen an dat zukünfteg Verwaltungsgebai bei der neier Jugendherberg zu Ettelbréck kommen?

 

  • Wéi gesäit déi administrativ Entwécklung iwwer déi nächst fënnef Joer aus?

 

  • Wat si Pläng vun der Regierung fir eng weider Stäerkung vun den Aarbechtsplazen am Norden vum Land ?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Charles Weiler

Deputéierten

Zréck