Kann den Educatiounsminister confirméieren dass d’Formatioun DT Génie Civil am September 2024 net méi am LJBM ugebuede gëtt ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Aus Sourcen, déi der Direktioun vum Lycée Josy Barthel zu Mamer nostinn, geet ervir, datt ab dem Schouljoer 2024/2025 keng 4e am Génie civil an der Formation professionnelle ugebuede soll ginn. An dem Kader soll virgesi sinn, datt réischt am Schouljoer am 2027/2028 eng nei Bautechnikerklass fir d’Schüler soll ugebuede soll ginn.

Des Weideren geet aus enger Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr.5534 aus dem Joer 2022 ervir, datt :

  • D’Attraktivitéit vun den technesche Beruffer am Allgemengen zeréckgaang ass.
  • Datt de Service de la Formation professionnelle (SFP) an Zesummenaarbecht mam Héichschoulministère an dem Aarbechtsministère am Kader vum sougenannte Skillsdësch eng grouss Etude iwwert eng National Skills Strategy lancéiert huet.
  • Datt eng weider Etude, déi vun der Europäescher Kommissioun finanzéiert gëtt, deemnächst hir Recommandatiounen erausgëtt, wéi déi initial Beruffsausbildung ka méi attraktiv gemaach ginn.
  • Datt et am Lycée Josy Barthel zu Mamer am Beräich vun der Formation professionnelle kee Plazmangel gëtt.
  • Datt de Service vun de schouleschen Infrastrukturen an d’Ëffentlech Bauverwaltung mat der Direktioun vum Lycée Josy Barthel zesummeschaffe fir no Méiglechkeeten ze sichen, de besteeënde Schoulraum auszebauen.
  • Datt ab 2028 am Lycée Edward Steichen zu Clierf (LESC) souwuel Héichbau wéi och Déifbau ënnerriicht ginn.
  • Datt ab 2028 am Lycée Edward Steichen zu Clierf solle folgend Ausbildungen ugebuede ginn:
    • DT: génie civil
    • DAP: dessinateur en bâtiment
    • DAP: maçonnerie
    • CCP: maçonnerie

 

 

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:

 

  • Kann den Educatiounsminister confirméieren dass d’Formatioun DT Génie Civil am September 2024 net méi am LJBM ugebuede gëtt ? Wann dës Ausso zoutrefftt, wisou huet den Educatiounsminister sech zu dësem Schratt entscheet?
  • Wat kann am Kontext vum Bauwiesen iwwer déi Etudë gesot ginn, déi de Minister 2022 erwähnt hutt :

–          National Skills Strategy vum Skillsdësch

–          Rapport vun der OECD

–          Etude, wéi déi initial Beruffsausbildung ka méi attraktiv gemaach ginn

–          Etude zur Erweiderung vum Schoulraum am LJBM

  • Wéi eng Conclusioune konnt den Educatiounsministère aus de besoten Etude schléissen ?
  • Wat sinn d’Grënn fir déi besteeënd Bautechnikerausbildung am Zentrum vum Land ofzeschaafen, wa gläichzäiteg geplangt ass genee dës Formatioun 2028 op engem Schoulcampus ganz am Norde vum Land unzebidden?
  • Kann et sinn, dass an Zukunft eng Schülerin oder e Schüler vunB. Esch-Uelzecht muss op Clierf an de Lycée goen, fir d’Bautechnikerausbildung DTGC ze maachen? Wa net, wat gesäit de Minister als Alternative vir?
  • Wéi eng Ausbildunge ginn de Schülerinnen a Schüler, déi sech zu Lëtzebuerg fir den Héichbau interesséieren, ab der Rentrée 2024 an doriwwer raus ugebueden, wann si net déi noutwenneg Hürde gemeeschtert hu fir kënnen an den Enseignement secondaire classique oder général ze goen?
  • Den Ausbildungsniveau Technicien ass a ville Beruffsfelder verankert, gëtt dës Ausbildung och an anere Beräicher ofgeschaaft? Wa jo resp. nee, wat ass de Grond dofir?
  • Säit der Reform vun der Formation professionnelle 2008 ginn et Passerellen tëschent den Ausbildungsniveau’en DAP, DT, EG a BTS ënner aneren och am Baufach. Wéi eng Chancen hu Schülerinnen a Schüler zukünfteg fir sech weiderzebilden (Passerelle no uewen) resp. fir een anere Bildungswee ze wielen, falls si hiren initiale Choix net packen (Passerelle no ënnen)?
  • Ass et richteg, dass den Educatiounsministerer virgesinn huet réischt am Schouljoer 2027 eng nei Bautechnikerklass opzemaachen, awer just am secondaire général?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles

Députéiert

Zréck