Gedenkt de Ministère de Finanzement vun de Musekschoulen unzepassen fir an Zukunft och déi Schüler fir de Finanzement mat en compte ze huelen déi am Laf vum Schouljoer opgehal hunn an esou d’Gemengen ze entlaaschten?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Mir hu bäi eis an der regionaler Musekschoul festgestallt, dass zënter der Gratuitéit vun de Coursen an der Musekschoul d’Zuel vun de Schüler, déi am Laf vum Schouljoer ophalen weesentlech um klammen ass. Wann ee Schüler am Laf vum Schouljoer ophält, dann entfält och den entspriechende Finanzement vum Ministère fir dee Schüler respektiv Cours, esou datt d’Käschte vum Abandon integral un de Gemengen hänke bleiwen. Soumatt klammen d’Käschten fir d’Gemengen déi un der regionaler Musekschoul bedeelegt sinn och kontinuéierlech.

Haut mussen d’Elteren näischt méi bezuelen an et schéngt dofir manner schwéier ze falen d’Kand einfach ofzemellen an esou en Abandon am Laf vum Schouljoer ze maachen.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:

  • Ass dëst e generelle Problem deen all d’Musekschoulen hunn? Wéi huet d’Zuel vun den Abandons zënter der Gratuitéit vun dem Enseignement musical an de Musekschoulen uechter d’Land évoluéiert?
  • Gedenkt de Ministère drun Sensibiliséierungscampagnen ze maache wat d’Konsequenze vun engem Abandon sinn an dass et awer vläit am Sënn vum Kand wier e Schouljoer bis zum Enn duerchzezéien am Plaz einfach direkt opzehalen ?
  • Gedenkt de Ministère de Finanzement vun de Musekschoulen unzepassen fir an Zukunft och déi Schüler fir de Finanzement mat en compte ze huelen déi am Laf vum Schouljoer opgehal hunn an esou d’Gemengen ze entlaaschten?
  • Wier et net ubruecht an deene Fäll den Eltere vum Schüler d’Käschte vum Abandon a Rechnung ze stellen, falls et net eng valabel Ursaach fir den Abandon gett, wéi z.B. Krankheet, plënneren etc.?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Stéphanie Weydert

Deputéiert

Zréck