Kann den Här Bildungsminister konfirméieren, datt de Regime vum Enseignement secondaire général am Lënster Lycée ausleeft?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Bildungsminister weiderzeleeden.

Am Moment bitt de Lënster Lycée niewent dem Regime vum Enseignement secondaire classique och Klassen am Regime vum Enseignement secondaire général un. Mengen Informatiounen no, soll de Regime vum Enseignement secondaire général deemnächst auslafe gelooss ginn. An dem Zesummenhang wollt ech follgend Froen un den Här Bildungsminister stellen:

  • Kënnt Dir konfirméieren, datt de Regime vum Enseignement secondaire général am Lënster Lycée ausleeft?
  • Wa jo, wat sinn d’Grënn fir dës Entscheedung?
  • Ab wéini gëllt dës Entscheedung?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel

Deputéierten

Zréck