Sinn dem Inneminister Fäll bekannt an deene Gemenge rechtskräfteg Decisioune geholl hunn ouni den Avis vun der Commission d‘aménagement ofzewaarden?

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro zum Delai vun engem Avis vun der „Commission d‘aménagement“ am Kader vum PAG (Plan d’aménagement communal) un den Här Inneminister weiderzeleeden.

 

An der „Version consolidée applicable au 01/10/2023“ vum Gesetz vum 19. Juli 2004 iwwert den „aménagement communal et le développement urbain“ ass am Artikel 11 keen Delai méi fir en Avis vun der « Commission d’aménagement » virgesinn.

Gläichzäiteg steet am selwechten Artikel awer och : „A défaut par la commission d’aménagement de faire parvenir son avis au collège des bourgmestre et échevins dans le délai prévu à l’alinea 2, le conseil communal peut passer au vote du projet d’aménagement prévu à l’article 14. »

 

An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un de Minister stellen:

 

  • Gedenkt de Minister dëse Widdersproch ze behiewen?
  • Sinn dem Minister Fäll bekannt an deene Gemenge rechtskräfteg Decisioune geholl hunn ouni den Avis vun der uewegenannter Kommissioun ofzewaarden?
  • Wéi steet et allgemeng mat der Rechtssécherheet, zumools och wann eng Gemeng eng Ännerung am Zesummenhang mat engem „Plan Directeur Sectoriel“ virhëlt ouni dësen Avis ofzewaarden?

 

 

Mat mengem déifste Respekt,

 

 

Nathalie MORGENTHALER

Deputéiert

Zréck