Kënnen d‘Ministere confirméieren, dass et zu Verzögerunge bei der Decisioun fir d‘Subventionéierung vu Wärmepompelen komm ass?

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Subventioune bei Wärmepompelen un den Här Energieminister an den Här Ëmweltminister weider ze leeden.

Onsen Informatioune koum et an der rezenter Vergaangenheet zu gréissere Verzögerunge beim Traitement vun Dossier’e bezüglech der Subventionéierung vu Wärmepompelen. Nodeems eng Demande am Mäerz 2023 an den Accusé de réception am Abrëll 2023 erausgeschéckt goufen, waarden di betraffe Leit bis haut nach op eng Decisioun vun der Administratioun. Vue dass d’Uschafung vun enger Wärmepompel oder enger PV-Anlag eng gréisser Investitioun ass, sinn d’Leit zum Deel och op déi Suen ugewisen.

An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un d‘Ministere stellen:

  • Kënnen d‘Ministere confirméieren, dass et zu Verzögerunge bei der Decisioun fir d‘Subventionéierung vu Wärmepompelen komm ass?
  • Wann jo, wat sinn d’Grënn heifir a wéi wëll een an Zukunft sou Verzögerunge verhënneren?
  • Wat sinn aktuell déi aktuell Delai’en bis en Dossier traitéiert gouf? Kënnen d’Ministeren dëst wegl. eenzel oplëschte fir Wärmepompelen, fir Solarthermie, a fir PV-Anlagen?

 

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Françoise Kemp

Deputéierten

 

Zréck