Ass et méiglech de Congé social och fir déi Leit, déi am privaten Secteur schaffen anzeféieren ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet ewéi un de Minister Minister fir Famill an Integratioun weiderzeleeden.

 

De congé pour raisons familiales kann am Fall vun enger Krankheet vun engem Kand vun engem Elterendeel geholl ginn, wann et keng aner Méiglechkeet gëtt fir d’Betreiung vum Kand ze garantéieren.

D’Dauer vum congé pour raisons familiales hänkt vum Alter vum Kand of. Sou kann een op guichet.lu liesen:

1re tranche d’âge

Enfant âgé de 0 à moins de 4 ans accomplis

12 jours de congé par enfant

2e tranche d’âge

Enfant âgé de 4 ans accomplis jusqu’au jour précédant son 13ème anniversaire

18 jours de congé par enfant

3e tranche d’âge

Enfant âgé de 13 ans accomplis à 18 ans

accomplis et hospitalisé

5 jours de congé par enfant en cas d’hospitalisation

 

 

 

 

An deem Sënn kënnen d’Elteren bis zu hirem Kand sengem 13. Gebuertsdag de congé pour raisons familiales huelen wann d’Kand krank an doheem ass. Ab sengem 13. Gebuertsdag bis zu sengen 18 Joer, hunn d’Elteren dann nëmmen nach d’Rescht ob de congé pour raisons familiales wann hiert Kand hospitaliséiert ass.

Dëst kann awer problematesch sinn, zemools wann d’Kand réischt 13 Joer huet an d’Elteren sech net kennen de congé de récréation huelen vir mat em doheem ze bleiwen, dëst wëll se en duerch organisatoresch Grënn am Betrib net accordéiert kréien oder just wëll se keng Deeg vum congé de récréation méi iwreg hunn. Och hunn d’Elteren oft keng Méiglechkeet vir eng aner Persoun, zemools kuerzfristeg, ze fannen déi mam Kand doheem bléift.

An der Fonction publique benefisséieren d’Employé’en vum sougenannten congé social. Mam congé social huet een deen ganzdaags schafft 24h respektiv 12h vir een deen hallefdaags schafft zu gutt, an dëst all 3 Méint. 

An deem Kontext wéilt ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

·      Ass d’Regierung net der Meenung dass een e Congé ënner gewësse Konditiounen sollt virgesinn och oder grad wann d’Kand net hospitaliséiert ass ?

·      Kéint een de congé social net och virgesinn vir déi Leit déi am privaten secteur schaffen ?

 

 Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

           

 

        Max Hengel

 

 

Deputéierten

 

Zréck