Kann de Minister eis soen, wéi vill d’RGTR Linn 179 an de leschte Méint benotzt ginn ass?

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

Opgrond vum Abroch vum Tunnel Schieburg am August 2022, war d’Zuchstreck tëscht Kautebaach a Klierf, mat kuerzen Ënnerbriechungen, elo iwwert ee Joer gespaart. Doropshin ass tëscht Ettelbréck a Klierf d‘RGTR-Linn 179 agesat ginn, fir de Schinneverkéier op dëser Stréck ze ersetzen. Zu de Stouss – a Schoulzäiten ass dës Linn bis du zwee mol pro Stonn gefuer a war ëmmer gutt gefëllt. Zemools fir de Schülertransport huet d’Linn eng Entlaaschtung vun anere Linnen duergestallt. Insgesamt hu vill Leit dëse Bus benotzt, net just wéinst der Fermeture vun der Nordzuchstreck, mee och well aner Busser op änleche Parcoursen dacks iwwerfëllt sinn. Zënter dem 10. September 2023 ass d’Zuchstreck tëscht Ettelbréck a Gouvy, no laangem Waarden, rëm voll befuerbar an d’RGTR-Linn 179 soll nees ofgeschaaft ginn.

 

An dësem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Kann de Minister eis soen, wéi vill d’RGTR Linn 179 an de leschte Méint benotzt ginn ass?
  • Kann de Minister eis soen, ob iwwerpréift ginn ass, op et méiglech wier dës Linn, zousätzlech zum Zuchverkéier, oprecht ze erhalen?
    • Wa jo, wäert dës Buslinn weider am Asaz bleiwen?
    • Wa nee, besteet d‘Méiglechkeet d’Linn 179 trotzdeem als Entlaaschtung fir de Schoultransport ze erhalen?

 

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

         Martine Hansen                                    Emile Eicher

Co-Fraktiounspräsidentin                           Deputéierten

Zréck