Firwat gëtt de Busplang vun der Linn 146 net esou ugepasst, dass d’Leit déi mam Bus 131 aus der Richtung Ettelbréck kommen an op Wooltz wëllen, direkt zu Esch-Sauer kënnen ëmklammen, ouni musse méi wéi 50 Minutten ze waarden?

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

D‘Fuerpläng vun den RGTR-Linnen 131 an 146 passen zu Esch-Sauer net iwwerteneen. Och elo wou de Plang vun der Linn 146 den 10. September 2023 soll ugepasst ginn, ass et de Leit net méiglech, wann ee mam Bus 131 aus der Richtung Ettelbréck kënnt, zu Esch-Sauer a Richtung Wooltz an de Bus 146 ëmzeklammen. Hei entsti Waardezäite vu bis zu enger Stonn. Wéi aus de parlamentaresche Froen N° 7227 an N° 7233 ervirgeet, gouf et och Enn leschtem Jores scho grouss Probleemer mat der Linn 146, wou zemools zu de Schoulzäiten net genuch Plazen am Bus waren, a Kanner um Arrêt stoe gelooss gi sinn.

 

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Firwat gëtt de Busplang vun der Linn 146 net esou ugepasst, dass d’Leit déi mam Bus 131 aus der Richtung Ettelbréck kommen an op Wooltz wëllen, direkt zu Esch-Sauer kënnen ëmklammen, ouni musse méi wéi 50 Minutten ze waarden?
  • Besteet donieft keng Méiglechkeet dass d’Linn 146 och iwwert Ënsber fiert?

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

  Martine Hansen

Co-Fraktiounspräsidentin

Zréck