Ass den Här Minister fir sozial Sécherheet der Meenung, dass d’CNS richteg outilléiert ass, fir de System vum tiers payant ze erweideren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës urgent parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Laut mengen Informatiounen ginn et Problemer beim tiers payant an der Kinésithérapie. Do wou déi Professionell soss hiert Geld bannent e puer Schaffdeeg vun der CNS kruten, dauert et elo méi laang, an op Nofro gëtt vun der CNS gesot, des Verzögerung wier duerch ee Surplus un Aarbecht ze erklären. Des Situatioun féiert zu Problemer, well de Remboursement duerch den tiers payant de Gros vum Akommes vun deene Leit ausmëscht, mat deem si och d’Paie vun hire Salariée bezuelen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir sozial Sécherheet stellen:

  • Ass den Här Minister iwwert dëse Mëssstand informéiert?
  • Wat gedenkt hien, dogéint ze ënnerhuelen?
  • Ass den Här Minister der Meenung, dass d’CNS richteg outilléiert ass, fir de System vum tiers payant ze erweideren?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

 

Zréck