Enn Abrëll kruten d’Baueren e Schreiwes vum Landwirtschaftsministère, an deem si opgeruff ginn, bei enger Etude, déi vum Meenungsinstitut Ilres duerchgefouert gëtt, matzemaachen. Wat ass déi genee Zilsetzung vun der Etude?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Enn Abrëll kruten d’Baueren e Schreiwes vum Landwirtschaftsministère, an deem si opgeruff ginn, bei enger Etude, déi vum Meenungsinstitut Ilres duerchgefouert gëtt, matzemaachen. Aus dem Schreiwes geet allgemeng ervir, datt et ëm d’Zukunft vun der Landwirtschaft an der Liewensmëttelproduktioun an de nächste Jore geet. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen:

  • Wat gëtt genee an der Etude ofgefrot?
  • Wat ass déi genee Zilsetzung vun der Etude?
  • Adresséiert sech d’Etude un all d’landwirtschaftlech Betriber am Land?
    • Wa nee, no wat fir Krittäre sinn d’Betriber ausgewielt ginn?
  • Wat fir en Impakt wäerten d’Resultater op Gestaltung vun der Landwirtschaftspolitik an den nächste Joren hunn?
  • Wéini ginn d’Resultater vun der Etude publizéiert?
  • Wat kascht d‘Etude?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck