Gedenkt den Här Minister d´Gesetz an deem Sënn ze änneren, dass och Staatsemployéen am Fall vun enger laanger Krankheet besser virun enger Entloossung protegéiert sinn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister vun der Fonction publique weider ze leeden.

Laut dem Artikel 7 vum ofgeännerte Gesetz vum 25. Mäerz 2015 zu den Indemnitéiten an dem Regime vun den Employés d´Etat kann een Staatsemployé, deen nach keng 55 Joer huet oder manner wéi zwanzeg Joer am Déngscht ass, gekënnegt kréien, wann e wärend zwielef Méint méi wéi sechs Méint krank gemellt war. D´AEE, d´Associatioun vun de Staatsemployéë fuerdert scho laang, fir dësen Nodeel vun de Staatsemployéë par Rapport zu de Staatsbeamten an och dem Droit de Travail am Allgemengen opzehiewen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Gedenkt den Här Minister d´Gesetz an deem Sënn ze änneren, dass och Staatsemployéen am Fall vun enger laanger Krankheet besser virun enger Entloossung protegéiert sinn? Wann nee – firwat net?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 


Octavie Modert                                                        Diane Adehm

Deputéiert                                                             Deputéiert

Zréck