Ween ass responsabel fir den Entretien vun de Sireenen déi an de Gemengen installéiert sinn? Am Fall wou eng Sireen en Panne fällt, wien ass responsabel fir d‘Reparaturen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës urgent parlamentaresch Fro un Madamm Inneminister weider ze leeden.

Laut mengen Informatiounen ass de CGDIS responsabel fir den Declenchement vun den Aläerten iwwert de Wee vu Sireenen esou wei se ënnert anerem an de Gemengen installéiert sinn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Madamm Inneminister stellen:

  • Ween ass responsabel fir den Entretien vun de Sireenen déi an de Gemengen installéiert sinn? Am Fall wou eng Sireen en Panne fällt, wien ass responsabel fir d‘Reparaturen?
  • Kann d‘Madamm Minister mir déi deementspriechend „base légale“ matdeelen?
  • A wei enge Fäll declenchéiert de CGDIS eng Aläerte mam System vun der Sireen?
  • A wei enge Fäll gëtt vum CGDIS eng lokal Aläerte declenchéiert z.bsp. iwwert de Wee vun engem Piepser / Pager?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Ali Kaes

Deputéierten

Zréck