Wéi vill Moossname vum Klimabiegerrot goufen integral an de neie PNEC iwwerholl a sollen 1-zu-1 ëmgesat ginn?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum Klimabiergerrot un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Bei der Presentatioun vun den Upassunge vum PNEC huet de Premierminister gesot, dass de Klimabiergerrot, dee vun der Regierung ageruff gouf, en Impakt op d’Lëtzebuerger Klimapolitik, a notamment de PNEC, hätt.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Ministesch stellen:

  • Wéi vill Moossname vum Klimabiegerrot goufen integral an de neie PNEC iwwerholl a sollen 1-zu-1 ëmgesat ginn? Kann d’Ministesch di ënnerschiddlech Mesuren wegl. Oplëschten ?
  • Wéi vill Moossname vum Klimabiegerrot goufen an enger adaptéierter Form oder Versioun an de neie PNEC integréiert? Kann d’Ministesch di ënnerschiddlech Mesuren wegl. Oplëschten ?
  • Wéi vill Moossname vum Klimabiegerrot sollen analyséiert bzw. evaluéiert gi fir dann evtl. zu engem spéideren Zäitpunkt an de PNEC iwwerholl ze ginn? Kann d’Ministesch di ënnerschiddlech Mesuren wegl. Oplëschten ?
  • Wéi vill Moossname vum Klimabiegerrot solle kuerz- bis mëttelfristeg net an de PNEC integréiert ginn? Kann d’Ministesch di ënnerschiddlech Mesuren wegl. Oplëschten ?
  • Wéi vill Moossname vum Klimabiegerrot solle kuerz- bis mëttelfristeg net an de PNEC, mee awer och net an aner Strategien a Pläng vun der Regierung, integréiert ginn? Kann d’Ministesch di ënnerschiddlech Mesuren wegl. Oplëschten ?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Paul Galles

Deputéierten

 

 

Zréck