Ass de Minister gewëllt, d’Verwaltung an d’Organisatioun vum Adapto-Service engem “Quality Management” z’ënnerzéien?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

An deene leschte Woche war den Adapto-Service nees Sujet an der Chamber, wat seng Effikassitéit ugeet.  Och goufe mir eng sëllege Reklamatiounen iwwert den ëffentlechen Transport, besonnesch ronderëm de Schülertransport an d’Lycéeën, zougedroen.

Vu besuergte Matbierger gouf mir matgedeelt, datt d’Verwaltung an d’Organisatioun vum Adapto-Service am Mobilitéitsministère alles anescht wéi benotzerfrëndlech sinn. Eeler Leit hunn et schwéier, fir mat deenen administrative Prozeduren an Hürden eens ze ginn. Och schéngt den Adapto-Service den Dateschutz net eescht ze huelen : Verschidde perséinlech Patientendokumenter si falsch zougestallt ginn.

Wat de Schoultransport ugeet, hu beispillsweis d’Busse vun der Linn D09 a Richtung Geesseknäppchen zënter Méint deels extreem Retarden. Oder de Bus kënnt einfach guer net. Déi entspriechend Frustratioune bei de Schüler – a bei den Elteren – si grouss.

Den ëffentlechen Transport an och den Transport fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit sinn extreem wichteg fir d’Ofsécherung vun der beschtméiglecher Connectivitéit. Op Grond vun de beschriwwene Fäll, déi mir zougedroe goufen, wollt ech folgend Froen un den Här Minister riichten :

  • Huet den Här Minister d’Méiglechkeet, eng Bus-Entreprise, déi beim Exploitéiere vun der enger oder anerer RGTR-Linn reegelméisseg Retarden an/oder souguer Ausfäll opzeweisen huet, aus enger Soumissioun erauszehuelen an engem aneren Transporteur den Zouschlag ze ginn?
  • Ass de Minister gewëllt, d’Verwaltung an d’Organisatioun vum Adapto-Service engem “Quality Management” z’ënnerzéien?
    • Wa jo, vu wéini un an op wéi eng Aart a Weis ?
    • Wann net, firwat net ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck