Tëschent dem 8. November an dem 17. Dezember 2021 huet d’Uni Lëtzebuerg fir den „Observatoire national de la qualité scolaire“ (ONQS) ënner dem Begrëff „Consultation nationale des acteurs de l’école fondamentale“ eng Etude um Terrain duerchgefouert. Sinn déi genannten Etude an déi entspriechend Resultater public?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Tëschent dem 8. November an dem 17. Dezember 2021 huet d’Uni Lëtzebuerg fir den „Observatoire national de la qualité scolaire“ (ONQS) ënner dem Begrëff „Consultation nationale des acteurs de l’école fondamentale“ eng Etude um Terrain duerchgefouert. Heibäi haten Enseignanten an Educateuren d’Geleeënheet, iwwer hiren Alldag am Schoulbetrib ze beriichten. Laut dem Internetsite vum IFEN gëtt en Atelier zu de Resultater vun dëser Etude organiséiert.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Sinn déi genannten Etude an déi entspriechend Resultater public?
    • Wa jo, wou sinn déi entspriechend Informatiounen disponibel?
    • Wann net, kann den Här Minister der Chamber d’Etude an d’Resultater zoukomme loossen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck