Wéini kënnen d‘Aarbechten um „Contournement d’Alzingen“ ufänken?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

De Minister hat de Bierger am Kader vun der „Consultation publique“ de 24. Februar 2022 zougesot, datt d’Finanzéierungsgesetz iwwert de „Contournement d’Alzingen“ nach an dëser Legislaturperiod an der Chamber géif gestëmmt ginn.

 

Am November 2022 huet de Regierungsrot den Tracé vum Contournement zréckbehal.

 

Op Basis vun dëser Decisioun wäerten den detailléierte Virprojet wéi och d’Kompensatiounsmesurë vun der Stroossebauverwaltung weider ausgeschafft a finaliséiert ginn, huet de Minister Enn lescht Joer gesot.

 

Eréischt wann dës Etuden ofgeschloss sinn, kann de Projet vun engem Finanzéierungsgesetz presentéiert ginn.

 

De Minister hat am Kader vun der „Consultation publique“ am Februar 2022 kommunizéiert, datt dës Etuden am Mäerz 2023 kéinten ofgeschloss sinn.

 

6 Méint no der Decisioun iwwert den Tracé vum Contournement an opgrond vun de genannte Constate wollt ech dem Minister folgend Froen stellen :

 

  • Wéi wäit ass d‘Stroossebauverwaltung mam Ausschaffe vum Virprojet wéi och mat de d’Kompensatiounsmesuren?
  • Wéini ass dat deementspriechend Finanzéierungsgesetz prett fir vun der Chamber kënne gestëmmt ze ginn?
  • Wéini kënnen d‘Aarbechten um „Contournement d’Alzingen“ ufänken?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck