Wat hält Regierung vun der Ausaarbechtung vun engem „Code de la constructioun“?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, Madamm Inneminister, den Här Minister fir d’Fonction publique, den Här Wunnengsbauminister an den Här Minister fir Aarbecht a Beschäftegung weider ze leeden.

Dachs gëtt kritiséiert, dass laang Prozeduren a widderspréchlech Virschrëften vun de Verwaltungen de Bau vun Gebailechkeeten géif onnéideg verlängeren oder blockéieren.

Effektiv sinn zb beim Bau vun ëffentlechen Gebaier méi Verwaltungen a staatlech Servicer involvéiert, déi hir eegen Virschreften an Bestëmmungen hunn, déi sech awer oft net mat de Reegelen vun aneren Verwaltungen a Servicer decken oder widderspréchlech sinn. Sou sinn zb an engem selwechte Gebai Normen fir d‘Height vun de Säll an enger Grondschoul anerer wei déi wei fir eng Maison Relais. Ausserdeem ass an der Grondschoul « Sécurité dans la fonction Publique » zoustänneg fir de Contrôle an der Maison Relais ass et awer d’ITM. Een anert Beispill ass beim Holzbau wou et a Saachen Brandschutz ënnerschiddlech Virschrëften vun der „Sécurité dans la fonction publique » der ITM an dem CGDIES gëtt

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Ass Regierung bereet déi ënnerschiddlech Gesetzgebungen, Virschrëften an Normen beim Bau ze regruppéieren an ze harmoniséieren fir esou Prozeduren ze vereinfachen an de Bau ze beschleunegen?
  • Ass Regierung bereet een „Guichet unique“ an dësem Beräich ze schafen wou Bauhären all néideg Informatiounen op enger zentraliseierter Platz géife virfannen?
  • Wat hält Regierung vun der Ausaarbechtung vun engem „Code de la constructioun“?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck