Wien definéiert am LTPS d’Nott vum Stage am „Milieu clinique“ a wéi kënnt dës zestan?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Laut mengen Informatiounen ass ee Recours géint d’Examensresultater vum LTPS (Lycée Technique pour Professions de Santé) agereecht ginn. Konkret geet et ëm d’Benoutung vum Stage.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Kann den Här Minister dee Recours confirméieren ?
    • Wa jo, wat sinn déi konkret Kritikpunkten ?
  • Wat gesäit den Här Minister vir, fir vergläichbar Situatiounen an Zukunft ze verhënneren?
  • Ware méi Studenten am selwechte Joergang an enger änlecher Situatioun, ouni awer ee Recours ze maachen?
    • Wa jo, wat geschitt elo mat hire Resultater?
  • Gëtt et eng duebel Bewäertung bei prakteschen a mëndlechen Examen?
  • Wien definéiert d’Nott vum Stage am „Milieu clinique“ a wéi kënnt dës zestan?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck