Wéi ass d’Entwécklung vun der wëchentlecher Betreiungszäit pro Kand an Alterstranche an de konventionéierten an an den net-konventionéierte Strukturen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

An enger gemeinsamer Sitzung vun der Petitiouns-, der Educatiouns- an der Familljekommissioun huet den Educatiounsminister rezent „Zuelen a Fakten ronderëm déi non-formal Bildungsstrukturen“ virgestallt. Dëst Zuelematerial huet sech op déi ëffentlech Strukture limitéiert.

An deem Kontext – an am Interessi vun engem méiglechst komplette Gesamtbild – wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Kann den Här Minister mech am Detail driwwer informéieren, wéi d’Unzuel vun de Kanner an de konventionéierten an och net-konventionéierte Strukturen (opgeschlësselt no Alterstranche) sech vun 2016 un entwéckelt huet?
  • Kann den Här Minister Statistike fir déi net-konventionéiert Strukture virleeën, nom Modell vun den „Zuelen a Fakten“ zu den ëffentlechen non-formale Bildungsstrukturen?
  • Wéi vill Prozent vun de Kanner ginn, jee no Alterstranche, an net-konventionéiert Strukturen?
  • Wéi ass d’Entwécklung vun der wëchentlecher Betreiungszäit pro Kand an Alterstranche an de konventionéierten an an den net-konventionéierte Strukturen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck