Kréien d’Fondatiounen oder soss Organisatiounen eng Bäihëllef wann si Fläche kafen, déi a Schutzgebidder leien? Wéi eng Bäihëllefe kréien si am allgemenge fir dës Flächen?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Laut eisen Informatiounen envisagéiert den Ëmweltministère am relativ grousse Stil Staatsflächen ze tausche mat ënnert anerem der natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Ministesch stellen:

    • Kann d’ Madamm Ministesch dat bestätegen? Matt wéi enge Fondatiounen oder soss Organisatioune gëtt esou een Tosch envisagéiert?
    • Wann jo, ëm wéi eng an ëm wéi vill  Flächen handelt et sech? Wou leien dës Flächen?
    • Wuelwëssend datt de Staat am ëffentleche Bësch deen a Schutzzone läit, souwisou Naturschutz bedreift, kann d’Ministesch doropper agoe wat deemno d’Grënn fir esou een Tosch sinn?
    • No wéi enge Critèrë ginn d’ Austauschfläche berechent – dat heescht wéi vill Fläche kritt de Staat zeréck?
    • Kréien d’Fondatiounen oder soss Organisatiounen eng Bäihëllef wann si Fläche kafen, déi a Schutzgebidder leien? Wéi eng Bäihëllefe kréien si am allgemenge fir dës Flächen?

 

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéierten

Zréck