Wéi eng RGD’en goufen am Naturschutzgesetz vun 2018 bzw. am modifizéierten Naturschutzgesetz vun 2022 nach net ëmgesat?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Am Naturschutzgesetz gëtt op divers groussherzoglech Reglementer (RDG) verwisen, di awer nach net all publizéiert sinn. Zum Beispill gëtt am Artikel 6 vun dem modifizéierten Naturschutzgesetz vun 2018 op een RGD verwisen deen zum Beispill d’Dimensioun, d’Surface, d’Materialien, etc. vun neie Constructiounen an der Gréngzone definéiere soll. De Projet vu sou engem Reglement gouf 2021 presentéiert.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Ministesch stellen:

    • Wéi eng RGD’en goufen am Naturschutzgesetz vun 2018 bzw. am modifizéierten Naturschutzgesetz vun 2022 nach net ëmgesat?
    • No wéi enge Critèrë gouf an der rezenter Vergaangenheet decidéiert op eng nei Constructioun (zum Beispill wat d’Dimensioun ugeet) kompatibel mam Naturschutzgesetz ass? Kann d’Ministesch diesbezüglech garantéieren, dass d’Leit an hir d’Dossier’en all d’selwecht behandelt gi sinn oder ob d’Critèrë wärend de Joren evaluéiert hunn an doropshin et zu ënnerschiddleche Bewäertunge konnt kommen?

 

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéierten

 

Zréck