Wéi vill Leit sinn hei zu Lëtzebuerg vu Lipödem betraff?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Sozialminister weiderzeleeden.

Patienten, déi ënnert der Fettverdeelungsstéierung Lipödem leiden, hunn net nëmme vill Péng, si leiden och dacks ënnert der psychescher Belaaschtung, déi dës onheelbar Krankheet mat sech bréngt. Och feelt et hei zu Lëtzebuerg u spezialiséierten Dokteren, sou datt et dacks laang dauert, bis déi richteg Diagnos gestallt gëtt. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Gesondheetsministesch an un de Sozialminister stellen:

  • Wéi vill Leit sinn hei zu Lëtzebuerg vu Lipödem betraff?
  • Wéi vill Patiente sinn an de leschte fënnef Joer hei zu Lëtzebuerg oder am Ausland dowéinst operéiert ginn?
  • Firwat iwwerhëlt d’CNS d’Käschte vun enger Liposuktioun eréischt ab dem 3. Stadium, dat obwuel Studie beleeën, datt eng Operatioun zu engem méiglechst fréien Zäitpunkt besser Resultater bréngt an esou de Betraffene vill Leed a Péng erspuert?
  • Bei wéi vill Patienten huet d‘CNS d‘Käschte vun enger Operatioun hei zu Lëtzebuerg oder am Ausland iwwerholl?
  • Wéi bewäert d’Regierung d’Fuerderung vun den Interesseverband „Lipödem Lëtzebuerg“, datt d’CNS d’Käschte vun enger Liposuktioun schonn an engem méi fréie Stadium iwwerhuele soll?
  • Wat fir aner Behandlungsmethoden iwwerhëlt d’CNS a wéi héich ass den Taux, deen d’CNS vun de Käschten iwwerhëlt?
  • Denkt d’Regierung drun, fir en Zentrum fir eng spezifesch Lipödem-Behandlung hei zu Lëtzebuerg opzebauen?
    • Wa jo, wéi kéint esou en Zentrum ausgesinn?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz,

Deputéierten

 

 

 

 

Zréck