Aus wéi engem Grond ass de Betrag vun der Mammerent dëse Mount méi niddereg ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weiderzeleeden.

 

Mengen Informatiounen no wier de Montant deen am Kader vun der Mammerent vum Fonds national de solidarité (FNS) ausbezuelt gëtt, dëse Mount e gutt Stéck manner héich ewéi de Mount virdrun.

 

An deem Kontext wéilt ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Aus wéi engem Grond ass de Betrag vun der Mammerent dëse Mount méi niddereg ?
  • Huet dëst eppes mam Auslafen vum Steierkredit ze dinn ?
  • Wa jo , wier et net noutwendeg d’Léit doriwwer ze informéieren?

 

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz
Deputéierten

 

Zréck