Wéi vill Gemengen hunn d’Lieu’en fir de feierlechen Acte vun engem Mariage oder engem Partenariat schonn definéiert an um Ministère agereecht?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden.

Duerch d´Gesetz vum 8. Juni 2022 kënnen d´Gemengeréit verschidde Lieu´en definéieren, fir de feierlechen Acte vun engem Mariage oder engem Partenariat ausserhalb vum Gemengenhaus ze feieren. Dës mussen am Gemengerot gestëmmt ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Wéi vill Gemengen hunn dës Lieu’en schonn definéiert an um Ministère agereecht?
  • Wéi vill Lieu’en sinn dat an der Moyenne pro Gemeng?
  • Wéi vill Gebaier ginn do opgelëscht, déi net vun der jeeweileger Gemeng geréiert ginn a wou den Accord vum jeeweilege Besëtzer / Exploitant néideg ass?
  • Wéi grouss sinn dës Gemengen (Awunnerzuel)?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Georges Mischo

Deputéierten

Zréck