Wéi vill Gemengen hunn d’Kompetenzerweiderung um kommunalen Niveau vun den Agents municipaux schonn ëmgesat an am Gemengerot ofstëmme gelooss?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden.

D´Gesetz zu den Agents municipaux an de Sanctions administratives vum 27. Juli 2022 ass säit dem dem 1. Januar 2023 a Kraaft. Mat dësem Gesetz solle virun allem d´Kompetenze vun den Agenten um kommunalen Niveau erweidert ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Wéi vill Gemengen hunn dës Kompetenzerweiderung vun den Agents municipaux schonn ëmgesat an am Gemengerot ofstëmme gelooss?
  • A wéi ville Gemengen ass dat uewe genannte Gesetz schonn en vigueur?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Georges Mischo

Deputéierten

Zréck