Stëmmt et, datt d’Medikament Aspegic IV nëmmen nach begrenzt disponibel ass?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

Eisen Informatiounen no ginn et am Moment nëmmen nach ganz begrenzt Reserve vun Aspegic I.V. Dëst Medikament ass awer z.B. am Fall vun engem Häerzinfarkt als Éischttherapie enorm wichteg. An deem Kontext wollte mir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Kënnt Dir eis Informatioune confirméieren, datt d’Medikament Aspegic IV nëmmen nach begrenzt disponibel ass?
    • Wa jo, wat sinn d’Grënn fir d’Rupture de stock?
    • Wa jo, ginn et Alternativpräparater, déi bei akute cardio-vasculaire Problemer an der Reanimatioun kënnen agesat ginn?
    • Wa jo, wéini gëtt d’Medikament viraussiichtlech nees op Lëtzebuerg geliwwert?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                                Jean-Marie Halsdorf

Deputéiert                                        Deputéierten

Zréck