Wéi vill Persoune sëtzen zu Lëtzebuerg aktuell an Untersuchungshaft?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Froen un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

 

Zu Lëtzebuerg ginn et gewësse Konditiounen déi mussen erfëllt sinn, fir dass eng Persoun an Untersuchungshaft komme ka bis zur Condamnatioun. Dëst bréngt mat sech, dass mir zu Lëtzebuerg eng héisch Unzuel u Leit an der Untersuchungshaft hunn. Eng Alternativ zur Untersuchungshaft kéint d‘elektronesch Foussfessel duerstellen.

 

Aus der Äntwert op d’Question parlementaire n°2198 vun der CSV geet ervir, dass den Untersuchungsriichter bis dato den Artikel 107, leschten Alinea vum Code de procedure penale nach net applizéiert huet. Dësen Artikel erméiglecht dem Untersuchungsriichter eng Persoun, déi ënnert d’Obligatioune vum Artikel 107, Alinea 2, Punkt 1, 2 an 3 fält, iwwert eng Foussfessel z’iwwerwaachen. De Bilan aus der “Legislatioun” vun der elektronescher Iwwerwaachung am Kader vu Condamnatioune war laut Regierung tëscht 2015 an 2020 duerchaus positiv. An verschiddene Fäll hunn déi Condamnéiert duerch dës Mesure net missen an de Prisong goen oder konnten éischter erauskommen.

 

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen:

 

  • Wéi vill Persoune sëtzen zu Lëtzebuerg aktuell an Untersuchungshaft?
  • Wisou applizéieren d’Untersuchungsriichter den Artikel 107, leschten Alinea vum Code de procédure pénale an der Praxis net?
  • Ass d’Regierung gewëllt, déi entspriechend Gesetzer ze adaptéiere, fir den Untersuchungsriichter méi Moyen’en am Kader vun Alternativen zur Untersuchungshaft ze ginn?
    • Wa jo, wéi a wéini?

 

 

Här President, mir bieden Iech dës Froen, mat eisem déifste Respekt unzehuelen.

 

Léon Gloden                                Laurent Mosar                                     Gilles Roth

Deputéierten                                Deputéierten                                        Co-Fraktiounspresident

Zréck